Transport

Transport (v. lat. transportare - eriwwerbréngen, droen) ass d'Befërderung (droen, fueren, pompelen, senden asw.) vu Persounen (Persounentransport: Taxi, Linnen- /Charterverkéier) oder Gidder (Gidderverkéier) vun enger Plaz op déi aner. Och beim Stroum, der Informatik an der Telekommunikatioun kann ee vun Transport schwätzen.

An der Reegel brauch een dofir Verkéiersmëttel (Gefierer, Leitungen asw.) an Transportmëttel (Container).

Transportaarten a Verkéiersmëttel

Buedemtransport

Aviatioun

D'Aviatioun ass den Transport vu Mënschen a Gidder an der Loft.

  • Verkéiersmëttel: Fliger, Helikopter, Seegelfliger, Ballon … .

Navigatioun

D'Navigatioun ass de Verkéier an Transport vu Mënschen a Gidder um oder am Waasser. Déi verschidden Transportweeër sinn: Waasserstroossen, Séiën, Flëss, Mierer, Kanäl, …..

  • Verkéiersmëttel iwwer der Waasseriwwerfläch: Schëff, Fär, Boot, …
  • Verkéiersmëttel ënner der Waasseriwwerfläch: U-Boot

Raumfaart

Infrastrukturen

  • Stroosseverkéier: Stroossen, Autobunnen, Vëlosweeër, Parkingen, ….
  • Schinneverkéier: Schinne fir Zuch, Tram a Metro, Garen, …
  • Loftverkéier: Fluchhäfen, Rakéitenofschéissrampen…
  • Waassertransport: Häfen, Schleisen, …

Kuckt och

  • Verkéier
  • Verkéiersmëttel
  • Fracht
  • Persounentransport
  • Giddertransport
  • Transport (Biologie)
  • Infrastukturen

Um Spaweck

Commons: Transport – Biller, Videoen oder Audiodateien