Elektrizitéit

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Elektrizitéit ass en Iwwerbegrëff aus der Physik fir Phenomeener, déi mat der Presenz an dem Floss vun enger elektrescher Charge associéiert ginn. Zu deene Phenomeener zielen de Blëtz an de Magnetissem.

De Blëtz ass Elektrizitéit
Witzegen elektrostatesche Phenomeen

Virgäng bei deene keng zäitlech oder keng wesentlech zäitlech Ännerung stattfënnt ginn der Elektrostatik zougeuerdent. Virgäng bei deenen zäitlech Ännerung e wesentlechen Afloss hunn zielen zur Elektrodynamik.

D'Erkenntnesser vun der Elektrizitéit hunn zum Entstoe vun der Elektrotechnik gefouert. Eréischt d'Erfindunge vun der Elektrotechnik ab dem 17. Joerhonnert, wéi zum Beispill d'Voltasail oder den Elektroskop, hunn dozou bäigedroen däitlech méi Erkenntnesser iwwert d'Elektrizitéit ze kréien.

Entdeckt Naturgesetzer vun der Elektrizitéit

  • 550 v. Chr.: De Griich Thales huet Bernsteen geriwwen, a mat där Method elektresch Chargë getrennt, an d'Phenomeener an d'Effekter déi doduerch entstinn (d'Unzéie vum Material an d'Kréckele bei Entluedungen) a Schrëfte weiderginn.
  • 1600: D'Erfindung vum Elektroskop, an déi éischt Ënnerscheeder tëscht Magnetismus an Elektrizitéit gi vum William Gilbert a sengem Buch „Differentia inter magnerica & electrica“ publizéiert.
  • 1671: De Gottfried Wilhelm von Leibniz produzéiert Fonke mat engem elektrostatesche Generator vum Otto von Guericke.
  • 1785: De Charles-Augustin Coulomb definéiert d'Coulomb-Gesetz.
  • 1820: Den Hans Christian Ørsted entdeckt mat Hëllef vun engem Kompass nieft engem elektreschen Drot d'magnéitesch Wierkung vum elektresche Stroum.
  • 1820: Den André-Marie Ampère entdeckt datt jee no Stroumrichtung vun 2 parallel geluechten Dréit, déi sech géigendeelegen ofstoussen oder unzéien.
  • 1826: Den däitsche Physiker Ohm fënnt eraus wéi een de Wäert vun enger Resistenz berechne kann. Dat physescht Gesetz dat doraus ervirgoung krut säin Numm: Gesetz vum Ohm.
  • 1831: De Michael Faraday entdeckt a beschreift d'elektromagnéitesch Induktioun.
  • 1864: Den James Clerk Maxwell publizéiert Equatiounen, d'Maxwell-Equatiounen, se beschreiwe mathematesch d'Phenomeener vum Elektromagnetismus an domat grënne se respektiv vervollstännege se d'Elektrodynamik.
  • 1886: Den Heinrich Rudolf Herz beweist experimentell dem Maxwell seng Equatiounen an entdeckt domat d'elektromagnéitesch Wellen.
  • 1911: Den Heike Kamerlingh Onnes entdeckt d'Supraleedung.
  • 1965: De Shin'ichirō Tomonaga, de Julian Schwinger an de Richard Feynman kréien den Nobelpräis fir Physik. "fir hir fundamental Aarbecht an der Quantenelektrodynamik, mat déifgrënnege Konsequenze fir d'Physik vun den elementaren Deelercher"