De Phoenix ass ee Stärebild nërdlech vum helle StärAchernar am Eridanus. Nëmmen den Haaptstär α Phoenicis (Ankaa) ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
Wéinst senger südlecher Positioun ass de Phoenix bei eis net ze gesinn.
Den α Phoenicis läit op enger Distanz vu 77 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III. Hien huet déi 2,5-fach Mass an deen 10-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.Den Numm „Ankaa“ bedeit e Vull aus der arabescher Mythologie.
Den ζ Phoenicis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Ee liichtschwache Begleeder ëmkreest den Haaptstär an engem kuerzen Ofstand. All 1,669 Deeg passéiert de schwaache Stär virum Haaptstär a verdonkelt en.