Bernhard Schlink

De Bernhard Schlink, de 6. Juli 1944 an der Géigend vu Bielefeld gebuer, ass en däitsche Jurist, Romanauteur a Riichter. Hien ass zu Heidelberg opgewuess, wou säi Papp Edmund Schlink Theologieprofessor war.

Bernhard Schlink
Gebuer6. Juli 1944
Bielefeld
NationalitéitDäitschland
EducatiounUniversitéit vun Heidelberg,
Freie Universität Berlin,
Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg
AktivitéitJurist, Riichter, Romancier, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Juristesche Schrëftsteller
ParteiSozialdemokratische Partei Deutschlands
Member vunPEN-Zentrum Deutschland

Säi Liewen

De Bernhard Schlink huet Droit op der "Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg" an op der "Fräier Universitéit Berlin" studéiert. Als wëssenschaftlechen Assistent huet hien op der "Technescher Universitéit Darmstadt", der "Universitéit Bielefeld" an op der Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg geschafft. Hien huet 1975 zu Heidelberg zum Dr. iur. promovéiert an huet 1982 habilitéiert.

Vun 1982 bis 1991 war hie Juraprofesser un der Rheinesche Friedrich-Wilhelms-Universitéit zu Bonn a vun 1991 bis 1992 un der Johann Wolfgang Goethe-Universitéit zu Frankfurt um Main. Zanter 1992 huet hien an der Humboldt-Universitéit zu Berlin ee Léierstull fir Ëffentlecht Recht a fir Rechtsphilosophie.

Zanter 1987 ass hien ausserdeem Riichter um Verfaassungsgeriichtshaff vun Nordrhein-Westfalen.

Ofgesi vu sengem juristeche Liewe war de Schlink natierlech och Auteur a krut 1989 de Glauser-Präis fir säi Kriminalroman Die gordische Schleife.

Fir Der Vorleser krut hien den Hans-Fallada-Präis (1997), en italieenesche Literaturpräis (1997), de Prix Laure Bataillon (1997) an de Welt-Literaturpräis vun der Zeitung "Die Welt" (1999).

Der Vorleser gouf a 37 Sproochen iwwersat a war dat éischt däitscht Buch, dat op déi éischt Plaz vun der Bestsellerlëscht vun der New York Times koum.

Säi Wierk

Juristesch Fachbicher

  • Vergangenheitsschuld und gegenwärtiges Recht, Frankfurt a.M. 2002, ISBN 3-518-12168-5
  • Aktuelle Fragen des pränatalen Lebensschutzes, Berlin 2002, ISBN 3-89949-001-0
  • Polizei- und Ordnungsrecht, mam Michael Kniesel a Bodo Pieroth, 3. Oplo, München 2005, ISBN 3-406-52032-4
  • Grundrechte Staatsrecht II., mam Bodo Pieroth, 21. neibeaarbecht Oplo, Heidelberg 2005, ISBN 3-8114-7319-0

Belletristik

Aufsätz

Um Spaweck

Commons: Bernhard Schlink – Biller, Videoen oder Audiodateien