Nordrhein-Westfalen

Land vun der Bundesrepublik Däitschland
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nordrhein-Westfalen
FändelWopen
Fändel vun Nordrhein-WestfalenWope vun Nordrhein-Westfalen
Basisdaten
Haaptstad:Düsseldorf
Fläch:34.110,26 km²
Awunner:17.925.570(31. Dezember 2021)
Bevëlkerungsdicht:526 Awunner/km²
Politik
Stëmmen am Bundesrat:6
Ministerpresident:Hendrik Wüst (CDU)
Parteien an der Regierung:CDU an FDP
Sëtzverdeelung am Landtag
(199 Sëtz):
CDU 72
SPD 69
FDP 28
déi Gréng 14
AfD 12
fraktionslos 4
Lokalisatioun
Bundesland Nordrhein-Westfalen am Weste vun Däitschland

Nordrhein-Westfalen ass e Bundesland am Weste vun der Bundesrepublik Däitschland. Gemenkerhand ofgekierzt NRW, mä gëlteg Ofkierzung no ISO 3166-2 ass nach ëmmer DE-NW.

Stied an Nordrhein-Westfalen

Nordrhein-Westfalen grenzt un d'Bundeslänner Niddersachsen, Hessen a Rheinland-Pfalz, an un d'Belsch souwéi Holland.

D'Landeshaaptstad ass Düsseldorf, mä déi no Awunner gréisst Stad ass Köln. Et ass mat ronn 34,1 Milliounen Awunner (2013) dat bevëlkerungsräichst däitscht Land. 29 vun den 80 däitsche Groussstied leien an deem staark urbaniséierte Gebitt.

Den nërdlechen Deel vum Ballungsraum Rhäin-Ruhr ass d'Ruhrgebitt, deem säi wirtschaftlechen Opstig op der Industrialiséierung (haaptsächlech Kuelebiergbau a Montanindustrie) baséiert huet. Mä och no der Stolkris ass Nordrhein-Westfalen ëmmer nach vun der Industrie markéiert an ee vun de wirtschaftlechen Zentre vun Däitschland.

Administratioun

Et gëtt an Nordrhein-Westfalen 5 Regierungsbezierker:

RegierungsbezierkKreesser, Stadregiounen a kreesfräi Stied
ArnsbergBochum, Dortmund, Ennepe-Ruhr-Kreis, Hagen, Hamm, Herne, Hochsauerlandkreis, Märkischer Kreis, Olpe, Siegen-Wittgenstein, Soest, Unna
DetmoldBielefeld, Gütersloh, Herford, Höxter, Lippe, Minden-Lübbecke, Paderborn
DüsseldorfDuisburg, Düsseldorf, Essen, Kleve, Krefeld, Mettmann, Mönchengladbach, Mülheim an der Ruhr, Oberhausen, Remscheid, Rhein-Kreis Neuss, Solingen, Viersen, Wesel, Wuppertal
KölnAachen (Stiedregioun), Bonn, Düren, Euskirchen, Heinsberg, Köln, Leverkusen, Oberbergischer Kreis, Rhein-Erft-Kreis, Rhein-Sieg-Kreis, Rheinisch-Bergischer Kreis
MünsterBorken, Bottrop, Coesfeld, Gelsenkirchen, Münster, Recklinghausen, Steinfurt, Warendorf

Um Spaweck

Commons: Nordrhein-Westfalen – Biller, Videoen oder Audiodateien