Brad Pitt

amerikanesche Schauspiller a Filmproduzent
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Brad Pitt, gebuer den 18. Dezember 1963 als William Bradley Pitt zu Shawnee am Oklahoma, ass en US-amerikanesche Schauspiller a Filmproduzent.

Brad Pitt
am Joer 2014
GebuertsnummWilliam Bradley Pitt
Gebuer18. Dezember 1963
Shawnee
NationalitéitUSA
EducatiounUniversitéit vum Missouri,
Kickapoo High School
AktivitéitTelevisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur, Synchronspriecher, Mannequin, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent
Famill
Bestuet matJennifer Aniston, Angelina Jolie
Liewenspartner(in)Juliette Lewis, Gwyneth Paltrow, Jennifer Aniston, Angelina Jolie
PappWilliam Alvin Pitt
MammJane Etta Hillhouse
GeschwësterDouglas Pitt
KannerShiloh Nouvel Jolie-Pitt, Knox Léon Jolie-Pitt, Vivienne Marcheline Jolie-Pitt

Den internationalen Duerchbroch ass ëm 1994 gelonge mat der Haaptroll am Film Interview with the Vampire. Aner fréi Erfolleger hat en als Psychopath an Twelve Monkeys (1995) an als eng Hallschent vum Tyler Durden a Fight Club (1999).

Vun 2000 bis 2005 war e mat der Friends-Schauspillerin Jennifer Aniston bestuet. Am Joer vu senger Scheedung huet e bei Dréiaarbechte vu Mr. & Mrs. Smith seng deemoleg Filmpartnerin Angelina Jolie besser kennegeléiert. D'Koppel, vun der Boulevardpress dacks als "Brangelina" bezeechent, huet zesumme sechs Kanner, dräi eegen an dräi adoptéierter. 2016 sinn s'auserneegaangen.

Filmographie (Auswiel)

  • Thelma & Louise (1991)
  • A River Runs Through It (1992)
  • Kalifornia (1993)
  • True Romance (1993)
  • Interview with the Vampire‎ (1994)
  • Legends of the Fall (1994)
  • Seven (1994)
  • 12 Monkeys (1995)
  • Sleepers (1996)
  • Seven Years in Tibet (1997)
  • Meet Joe Black (1998)
  • Fight Club (1999)
  • Snatch (2000)
  • The Mexican (2001)
  • Spy Game (2001)
  • Ocean's Eleven (2001)
  • Troy (2004)
  • Ocean's Twelve (2004)
  • Mr. & Mrs. Smith (2005)
  • Babel (2006)
  • The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford (2007)
  • Ocean's Thirteen (2007)
  • The Curious Case of Benjamin Button (2008)
  • Inglourious Basterds (2009)
  • Tree of Life (2011)
  • Moneyball (2011)
  • World War Z (2013)
  • 12 Years a Slave (2013)
  • Fury (2014)
  • The Big Short (2015)
  • Allied (2016)
  • Ad Astra 2018

Um Spaweck

Commons: Brad Pitt – Biller, Videoen oder Audiodateien