CFL 2000

D'CFL-Serie 2000 ass eng Serie vun 22 Automotricen déi bei der CFL an de Joren 1990 bis 1992 ënner den Nummeren 2001-2022 a Betrib geholl goufen. Am Volleksmond, respektiv vun den Eisebunner, gëtt dëse Modell och "Z2" genannt.

CFL 2000
D'Automotrice 2006 an der Stater Gare
ConstructeurAlstom
BedreiwerCFL
Baujoer1990-1992
Benotzt a(n)Lëtzebuerg
Numeréierung2001-2022
Sëtzplazen172
Stéckzuel22
Technesch Detailer
Ass en(g)elektresch Automotrice
Bauaart2 * Bo'2'
SpuerbreetNormalspuer
Déngschtmass108,12 Tonnen
Längt iwwer Puffer50,200 mm
Héicht ouni Pantograph4,300 mm
Maximal Achselaascht30,14 Tonnen
Héchstvitess160 km/h
Maximal Dauerleeschtung1200 kW
Zuchsécherungs-
System(er)
ETCS
Memor II+

Allgemenges

Jiddwer Automotrice besteet aus engem motoriséierten Deel, der Motrice, an engem Steierwoon, déi sech optesch net vunenaner ënnerscheeden. An de leschte Joren huet d'CFL dacks d'Motricen an d'Steierween ënnerenee getosch.

D'Automotrice mat der Nummer 2003 ass de 6. Abrëll 1997 um Houwald mat engem Gidderzuch kollidéiert, woubei d'Motrice zerstéiert gouf. De Steierwoon fiert haut ënner der Nummer 2003 mat enger neier Motrice.

D'2000 fueren dacks als Ramm (Unité multiple) mat bis zu 3 där Automotricen um Stéck. Et wier technesch duerchaus méiglech, méi Unitéiten ze verbannen, mä verschidde Garen am Land hunn en ze kuerze Quai fir sou eng laang Ramm.Donieft ass d'Demande op den Asazstrecke vun där Serie seele sou grouss datt eng véiert Motrice géif gebraucht ginn, a wann dach, da ginn déi Zich éischter mat CFL Dosto Material gefuer.

Am Dezember 2018 hunn d'CFL fir am Ganzen 350 Milliounen Euro bei der Firma Alstom 34 Zich aus enger vun de Coradiabaureie bestallt, déi tëscht 2024 an 2025 d'CFL 2000-Serie ersetze soll.[1]

Nimm

Véier Automotricë kruten den Numm vun enger lëtzebuergescher Gemeng an droen och deenen hire Wopen:

Asaz

D'2000er ginn um ganzen CFL Reseau agesat, dacks als Navette op den Antenne vum Reseau:

Op den CFL Strecken Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Lëtzebuerg-Péiteng droen d'2000er d'Haaptlaascht.Um Rescht vum Reseau komme se nëmme sporadesch an den Asaz.

An der Belsch fueren d'2000er nëmmen nach bis op Attem a ganz rar bis op Gouvy. A Frankräich däerfe se, well se net mat dem SNCF-Sécherheetssystem KVB ekipéiert sinn, net méi fueren.

Biller

Kuckt och

CFL 2200

Um Spaweck

Commons: CFL 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen