China National Space Administration

China National Space Administration (CNSA), englesch fir Chineesesch National Weltraum Agentur, ass déi chineesesch Weltraumorganisatioun, déi fir d'zivil Raumfaartprogramm vun der Volleksrepublik China verantwortlech ass.

Geschicht

Déi nationaal chineesesch Weltraumagentur gouf am Joer 1993 als Nofollger vum Ministerium fir Loft- a Raumfaartindustrie gegrënnt, dobäi gouf d'Industrie als China Aerospace Corporation (englesch fir chineesesch Loftraum-Gesellschaft) zesummegefaasst. 1998 gouf d'Loftraum-Gesellschaft a verschidde kleng Entreprisen ënnerdeelt. De Chef vun der CNSA ass haut de Chen Qiufa (陳求發) (Stand: 2012).[1],[2]

Zanter 2007 ass déi chineesesch Weltraumagentur Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen.

Missiounen

NummStartjoerKuerzbeschreiwungBemierkung
Shenzhou 52003dat éischt bemannt Raumschëff (vun der CNSA)Erfolleg
Chang'e-12007déi éischt Äerdmound-Sond an Optakt zum ÄerdmoundprogrammErfolleg
Chang'e-22010déi zweet Äerdmound-SondErfolleg
Tiangong 12011dat éischt RaumlaborErfolleg
Yinghuo 12011eng Mars-Sond, gestart mat Fobos-GruntFeelstart
Chang'e-32013Éischt onbemannt MoundlandungErfolleg

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen