Christian Wulff

De Christian Wilhelm Walter Wulff, gebuer den 19. Juni 1959 zu Osnabrück, ass en däitsche Politiker (CDU). Hie gouf den 30. Juni 2010 zum däitsche Bundespresident gewielt an huet säin Amt den 2. Juli 2010 ugetrueden.De 17. Februar 2012 ass hien zeréckgetrueden, nodeem bekannt gi war, datt hien a senger vireger Funktioun gewëss Avantagen ugeholl hat, déi domat net kompatibel waren.[1]

Christian Wulff
GebuertsnummChristian Wilhelm Walter Wulff
Gebuer19. Juni 1959
Osnabrück
NationalitéitDäitschland
AktivitéitPolitiker, Affekot
ParteiCDU

Virdru war hien zanter 2003 Ministerpresident vum Bundesland Niddersachsen.

De Wulff ass e Jurist an Affekot, an zanter 1975 politesch an der CDU aktiv. Hie souz tëscht 1986 an 2001 am Gemengerot vun Osnabrück an zanter 1994 am "Landtag" (Regionalparlament) vun Niedersachsen. Zweemol, 1994 an 1998 huet hien un der Spëtzt vun der CDU géint d'SPD ënner dem Gerhard Schröder d'Wale verluer, ier e se dunn 2003 géint den deemolege Ministerpresident Sigmar Gabriel gewonnen huet.

Referenzen

Um Spaweck

Commons: Christian Wulff – Biller, Videoen oder Audiodateien