Claudia Cardinale

italieenesch Schauspillerin

D'Claudia Cardinale, gebuer als Claude Joséphine Rose Cardinale de 15. Abrëll 1938 zu Tunis, ass eng italieenesch Schauspillerin.

Claudia Cardinale
Portrait vun 1960
GebuertsnummClaude Joséphine Rose Cardinale
Gebuer15. Abrëll 1938
Tunis
NationalitéitItalien, Frankräich
EducatiounCentro Sperimentale di Cinematografia
AktivitéitFilmschauspiller, Schauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet matFranco Cristaldi
Liewenspartner(in)Pasquale Squitieri, Marcello Mastroianni
D'Cardinale am Joer 1957

D'Claudia Cardinale huet bis 2014 an iwwer 110 Kinos- an TV-Filmer matgespillt, dorënner Filmer vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Luchino Visconti, Federico Fellini, Sergio Leone, Blake Edwards, Mauro Bolognini a Richard Brooks.

No enger Haaptroll niewent dem Marcello Mastroianni am Film Il bell'Antonio (1960) vum Mauro Bolognini huet de Luchino Visconti hir am Familljendrama Rocco e i suoi fratelli eng grouss Roll ginn. A Frankräich hat si dunn am Joer 1962 groussen Erfolleg niewent dem Jean-Paul Belmondo an dem historeschen Abenteuerfilm Cartouche, vum Philippe de Broca. Duerno war si am Federico Fellini sengem Problemfilm , deen engem Filmregisseur seng Ängscht an Obsessioune beliicht, ze gesinn.

De Luchino Visconti huet hir dunn am Film Il Gattopardo (1963) hir schéinst Filmroll ugebueden. Den Alain Delon an d'Claudia sinn an deem historesche Film, deen den Niddergang vun enger italieenescher Adelsfamill erzielt, op engem vun den Héichpunkte vun hirer Carrière ukomm.

Net ze vergiesse sinn awer och zwéi Western, en US-amerikanesche The Professionals (1966) vum Richard Brooks mam Burt Lancaster, Lee Marvin a Robert Ryan an dann de Klassiker a gläichzäiteg wichtegsten Italo-Western C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone mam Henry Fonda, Jason Robards an Charles Bronson.

Eng speziell Plaz an hirer Filmographie huet de Film Fitzcarraldo (1982), vum Werner Herzog, iwwer en Aventurier an Operenamateur (Klaus Kinski) deen am peruanesche Urwald eng Oper wëllt bauen.

Um Enn vun den 1990 Joren un huet si net méi sou vill Filmer gedréint a vun 2000 un huet si ugefaangen zu Paräis Theater ze spille mat Stécker vum Luigi Pirandello an Tennessee Williams.

Filmographie

Kino

vun 1958 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1999

vun 2000 bis 2009

  • 2002: Un café... l'addition, vum Félicie Dutertre a François Rabes mam Hélène de Fougerolles (Kuerzfilm)
  • 2002: And Now … Ladies and Gentlemen, vum Claude Lelouch mam Jeremy Irons a Patricia Kaas
  • 2003: Le démon de midi, vum Marie-Pascale Osterrieth
  • 2007: Cherche fiancé tous frais payés, vum Aline Issermann mam Alexandra Lamy
  • 2009: Le fil, vum Mehdi Ben Attia

vun 2010 bis 201.

  • 2010: Sinyora Enrica ile Italyan Olmak, vum Ali Ilhan
  • 2010: Un balcon sur la mer, vum Nicole Garcia mam Jean Dujardin a Sandrine Kiberlain
  • 2011: Father, vum Pasquale Squitieri mam Franco Nero
  • 2012: O Gebo e a sombra, vum Manoel de Oliveira mam Michael Lonsdale a Jeanne Moreau
  • 2012: El artista y la modelo, vum Fernando Trueba mam Jean Rochefort
  • 2013: Joy de V. , vum Nadia Szold mam Patricia Black
  • 2013: Les Francis, vum Fabrice Begotti mam Lannick Gautry
  • 2014: The Silent Mountain, vum Ernst Gossner mam William Moseley

TV

  • 1977: Gesu di Nazareth, vum Franco Zeffirelli mam Robert Powell an Anne Bancroft (TV-Mini-Serie)
  • 1983: Princess Daisy, vum Waris Hussein mam Lindsay Wagner a Paul Michael Glaser
  • 1986: La storia, vum Luigi Comencini mam Francisco Rabal a Lambert Wilson
  • 1986: Naso di cane, vum Pasquale Squitieri mam Donald Pleasence a Raymond Pellegrin (TV-Mini-Serie)
  • 1993: Flash - Der Fotoreporter, (TV-Serie) (1 Episod)
  • 1993: Mayrig, vum Henri Verneuil mam Omar Sharif (TV- Mini-Serie)
  • 1996: Nostromo, vum Alastair Reid mam Joaquim de Almeida an Albert Finney (TV- Mini-Serie)
  • 1997: Il deserto di fuoco, vum Enzo G. Castellari mam Anthony Delon a Virna Lisi (TV- Mini-Serie)
  • 1998: Mia per sempre, (TV- Mini-Serie)
  • 2000: Élisabeth - Ils sont tous nos enfants, vum Pasquale Squitieri mam Jean-Claude Brialy
  • 2008: Hold-up à l'italienne, vum Claude-Michel Rome mam Bruno Wolkowitch a Jacques Perrin

Literatur

  • Alberto Moravia: Claudia Cardinale. Ein etwas ungewöhnliches Gespräch. Schirmer/Mosel, München 2010, (Originaltitel: Intervista a Claudia Cardinale).

Um Spaweck

Commons: Claudia Cardinale – Biller, Videoen oder Audiodateien