George E. Smith

De George Elwood Smith, gebuer den 10. Mee 1930 zu White Plains, USA ass en US-amerikanesche Physiker a Materfinder vum Charge-Coupled Device (CCD).

George E. Smith
Gebuer10. Mee 1930
NationalitéitUSA
EducatiounUniversity of Chicago,
University of Pennsylvania
AktivitéitPhysiker, Fotograf, Wëssenschaftler, Erfinder
Member vunNational Academy of Engineering, American Physical Society

De Smith hat vun 1959 bis 1986 bei de Bell Laboratories geschafft, wou hien d'Fuerschung vun neiaartege Laser an Hallefleeder-Bauelemente intensivéiert huet.

Am Joer 1969 hat hien zesumme mam Willard Boyle den Charge-Coupled Device (CCD) erfonnt. Dofir kruten déi zwéin am Joer 1973 d'Franklin Instituts Stuart Ballantine-Medail.

2009, krut de Smith dann zesumme mam Willard Boyle, den Nobelpräis fir Physik fir hir Erfindung vum CCD.[1]

De George E. Smith ass och Funkamateur[2] a säin US-Ruffzeechen ass AA2EJ.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: George E. Smith – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen