Nobelpräis fir Physik

héchst Auszeechnung um Gebitt vun der Physik

Den Nobelpräis fir Physik ass eng vu fënnef Kategorie vum Nobelpräis a gëllt als déi héchst Auszeechnung fir Leeschtungen um Gebitt vun der Physik. Hie gëtt zesumme mat deenen anere Kategorie vum Präis, mat Ausnam vum Friddenspräis, all Joer zu Stockholm den 10. Dezember iwwerreecht, dem Doudesdag vum Präisstëfter Alfred Nobel (18331896).

Nom Testament vum Nobel soll de Präis an d'Geld un déijéineg Persoun goen, déi an deem betraffene Gebitt der Mënschheet am vergaangene Joer dee gréissten Notze bruecht huet. De Präis ass a fënnef Kategorien agedeelt, op déi d'Präisgelder zu gläichen Deeler verdeelt ginn. De Physikpräis soll un deejéinege goen, deen "um Gebitt vun der Physik déi bedeitendst Entdeckung oder Erfindung gemaach huet". Den Nobelpräis gëtt an der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschafte verginn.

Präisdréier

Den éischte Präisdréier Wilhelm Conrad Röntgen (18451923)
  • Den éischte Präisdréier 1901 war de Wilhelm Conrad Röntgen
  • Dee bis elo jéngste Präisdréier war mat 25 Joer de William Lawrence Bragg (1915)
  • Dee bis elo eelste Präisdréier war mat 88 Joer de Raymond Davis junior (2002)
  • De John Bardeen gouf als eenzege Präisdréier zweemol mat dem Nobelpräis fir Physik ausgezeechent (1956 an 1972); Marie Curie gouf nieft dem Nobelpräis fir Physik (1903) och mat dem Nobelpräis fir Chemie (1911) ausgezeechent
  • Ënner den 186 Präisdréier bis 2010 sinn nëmmen zwou Fraen, d'Marie Curie (1903) an d'Maria Goeppert-Mayer (1963), den Nobelpräis fir Physik weist domat dee niddregste Fraenundeel vun alle Nobelpräisser op.
  • Als bis elo eenzeg Koppel gouf 1903 d'Marie an de Pierre Curie ausgezeechent (hir Duechter, d'Irène Joliot-Curie gouf 1935 zesumme mat hirem Mann Frédéric mam Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent)
  • Et goufe bis elo véiermol Papp a Jong mam Nobelpräis fir Physik ausgezeechent: De William Henry Bragg an de William Lawrence Bragg (1915), den Niels Bohr (1922) an den Aage Niels Bohr (1975), de Manne Siegbahn (1924) an de Kai Siegbahn (1981), de Joseph John Thomson (1906) an de George Paget Thomson (1937)
  • Et gouf 47-mol en eenzege Präisdréier (zu lescht de Georges Charpak 1992), 26-mol hu sech zwou an 25-mol dräi Persounen de Präis gedeelt.

Kuckt och

Literatur

  • Claus D. Hillebrand: Nobel Century: a biographical analysis of physics laureates. In: Interdisciplinary Science Reviews. Nr. 2, 2002 S. 87–93.

Um Spaweck

Commons: Nobelpräis fir Physik – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Nobelpräisdréier fir Physik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen