Gromper

Notzplanz aus der Famill vun de Solanaceae (Nuetsschietgewächser)

D'Gromper (Solanum tuberosum; deels och Bupp[1] genannt) ass eng Notzplanz déi wéi d'Tomat, de Paprika an den Tubak zur Famill vun de Solanaceae (Nuetsschietgewächser) gehéiert. D'Planz staamt aus den Anden (Peru). Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "Gromper" just fir déi ënnerierdesch Knoll gebraucht.

Gromper
Gromperen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
OfdeelungMagnoliophyta
KlassRosopsida
UerdnungSolanales
FamillNuetsschietgewächser(Solanaceae)
GattungSolanum
Wëssenschaftlechen Numm
Solanum tuberosum
L.

D'Planz

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Knoll

D'Gromper ass wat d'Quantitéiten ugeet dat véiertwichtegst Liewensmëttel op der Welt. Et gëtt eng Abberzuel Zorten, grondsätzlech ënnerscheet een an der Kichen tëscht feste Grompere fir z. B. an Zaloten (z. B. Nicola), mielzege Grompere fir Püree (z. B. Bintje), an dann déi "éischter fest" Grompere mat Eegenschaften déi do dertëscht leien (z. B. Charlotte, Désirée). D'Gromper gëtt awer och als Fuddermëttel an an der Industrie gebraucht, do ënner anerem fir Steif ze gewannen a fir d'Fabrikatioun vun Ethanol.

Wirtschaftlech Aspekter

Hautdesdaags gëtt d'Gromper a méi wéi 100 Länner ugebaut an 2005 goufen der weltwäit 322 Milliounen Tonne gezillt[2]. Déi gréisst Produzente sinn (a Milliounen Tonnen):

Land1995200020052010
China46667375
Indien17252536
Russland40313621
Ukrain15201919
USA20231918
Däitschland11121110
Polen25241109

Zu Lëtzebuerg goufen 2010 eng 19.500 Tonne Grompere produzéiert, ronn 80.000 Tonne manner wéi nach 1960[3]:

Joer1960197019801990200020052010
Produktioun102.98967.90833.90022.96327.85819.32919.531

D'Éislek gëllt als Gesondlag fir d'Produktioun vu Setzgromperen. Dës Produktioun ass zanter 1945 am Kader vun der Éisleker Setzgromperegenossenschaft (Synplants) organiséiert, déi iwwer 90 % vun de Setzgromperen exportéiert, virun allem an Nordafrika.

Inhaltsstoffer

Nierstoffer

Gepellte/geschielte Grompere bestinn zu 78 % aus Waasser, dowéinst bréngen 100g et just op 85 kcal. Donieft enthale se nach[4]:

Wann de Proteingehalt vun de Gromperen och ganz bescheiden ass, sou huet dat wéinegt wat dran ass awer wéinstens e ganz héije biologesche Wäert (déi héchst bei de Planzen).

Alkaloiden

An der Gromper si wéi an de meeschten Nuetsschietgewächser Gëftstoffer, virun allem den Alkaloid Solanin, deen an alle gréngen Deeler vun der Planz, de Bléien an de Knollen (an do absënns an der Schuel) ze fannen ass. Duerch d'Kachen zitt en zum groussen Deel an d'Kachwaasser.

D'Knolle sollen am Däischtere versuergt ginn, soss produzéiere se nach méi Solanin fir sech géint Friessfeinden an d'Fäulnes ze schützen, wat een dorun erkennt, datt se sech gréng verfierwen. Gréng a gekéngt Grompere kënnen déck geschielt a mat erausgepickten "Aen" nom Kachen héchstens nach vun Erwuessene giess ginn, mä op kee Fall méi vu klenge Kanner.

Um Spaweck

Commons: Gromperen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen