Kalabrien

Kalabrien (it.: Calabria) ass déi südlechst Regioun vum italieenesche Festland. Bildlech geschwat läit se op der Spëtzt vum "Stiwwel'" vun der italieenescher Hallefinsel. Et huet eng Fläch vu ronn 15.080 km² an 1.980.533 Awunner (Stand 31. Dezember 2013). Catanzaro ass d'Haaptstad.

Kalabrien
Verwaltung
Land Italien
HaaptstadCatanzaro
ProvënzenProvënz Vibo Valentia
Provënz Catanzaro
Provënz Crotone
Provënz Cosenza
Metropolstadt Calabria
Gemengen409
ISOIT-78
Demographie/Geographie
Awunner1 958 296
Fläch15 079 km²

Am Norde grenzt Kalabrien un d'Basilicata, am Westen un d'Tyrrhenescht Mier an am Süden an am Osten un d'Ionescht Mier. Et huet eng 780 km Küst. D'Strooss vu Messina trennt Kalabrie vun der Insel Sizilien.

Kalabrien ass administrativ a véier Provënzen (Vibo Valentia, Catanzaro, Crotone a Cosenza) an eng Metropolitanstad (Reggio Calabria) agedeelt.