Kichen
Eng Kichen ass en Zëmmer an engem Gebai, an deem Iesse preparéiert a gekacht gëtt. Si kann an engem Privathaus oder an engem Restaurant sinn, oder an enger Ariichtung fir Gemeinschaftsverfleegung, z. B. eng Kantinn.
An der westlecher Welt huet eng modern Privatkichen e Standardequipement aus enger Kachplack an/oder engem Schäffchen, engem Spullsteen mat fléissend waarmen a kale Waasser, engem Frigo a Kicheschief. Donieft gëtt et dacks nach aner elektronesch Apparater, wéi eng Mikrowell an eng Spullmaschinn.
Obwuel den Haaptzweck vun der Kichen d'Preparatioun an d'Kache vum Iessen ass, huet si och nach aner Funktiounen, zum Beispill als Plaz wou Liewensmëttel gelagert a konsumméiert ginn, wou Saache gebotzt ginn a wou sozialiséiert gëtt.
Um Spaweck
Commons: Kichen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake