Kleng Antillen
D'Kleng Antillen (op Englesch Lesser Antilles) sinn eng Inselketten an der ëstlecher Karibik, déi sech vun de Joffereninselen am Norde bis virun d'Küst vu Venezuela am Süden erstreckt. Zesumme mat de Bahamas, den Turks- a Caicosinselen an de Groussen Antille bilden se déi Westindesch Inselen.
Kleng Antillen | |
---|---|
Geographie | |
Land | Antigua a Barbuda, Barbados, Venezuela, Dominica, Grenada, Holland, Saint Kitts an Nevis, Saint Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Trinidad an Tobago, Frankräich, Anguilla, Brittesch Joffereninselen, Amerikanesch Joffereninselen, Montserrat, Puerto Rico |
Läit an/am | Atlanteschen Ozean |
Koordinaten | 14°N, 61°W |
Fläch | 14.364 km² |
Verwaltung | |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
Mat Bezuch op den Nordost-Passatwand, deen an där Géigend bléist, ginn d'Kleng Antillen nach an d'Inselen ënner resp. iwwer dem Wand ënnerdeelt, woubäi Trinidad an Tobago zu kenge vu béiden Ënnerdeelunge gezielt gëtt.
Andeelung vun de Klengen Antillen
Inselen iwwer dem Wand
Nërdlechen Deel
Zu den nërdleche Klengen Antillen, déi am englesche Sproochgebrauch als Leeward Islands bezeechent ginn, zielen ë. a. d'Joffereninselen, Sint Maarten - Saint-Martin, Barbuda, Saint Kitts an Nevis, Antigua, Montserrat, Guadeloupe an Dominica[1].
Südlechen Deel
Déi südlech Partie, am Englesche Windward Islands, begräift ë. a. Martinique, Santa Lucia, Barbados, St. Vincent a Grenada.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Inselen iwwer dem Wand (Antillen).
D'Inselen Trinidad an Tobago gehéieren zu de Klengen Antillen, awer net zu den Inselen iwwer dem Wand, wéi dat vereenzelt fälschlecherweis gemengt gëtt.
Inselen ënner dem Wand
Am Englesche ginn d'Inselen ënner dem Wand Leeward Antilles genannt. Zu deenen zielen ë. a. Aruba, Bonaire, Curaçao an d'Isla Margarita.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Inselen ënner dem Wand (Antillen).
Ofwäichungen am Sproochgebrauch
Bei dëser Zouuerdnung vun den Archipelle vun de Klengen Antille gëtt et Ofwäichungen am Sproochgebrauch vu verschiddene Länner. Den Ënnerscheed besteet haaptsächlech tëscht dem Engleschen an anere westleche Sproochen (Franséisch, Hollännesch, Spuenesch, …). Den Duerchernee kënnt absënns duerch de Suffix deen am Englesche gebraucht gëtt:
- Islands: geopolitesch, historesch oder kulturell Bezeechnung fir déi Inselen, déi éischter op enger Nord-Süd-Achs leien, opzedeelen an engersäits déi, déi ënnert fréierer brittescher Herrschaft stoungen, géintiwwer deenen, déi ënnert franséischer, spuenescher a méi spéit och hollännescher Herrschaft stoungen. Dozou zielt awer keng vun den Inselen, déi no bei der südamerikanescher Küst leien;
- Antilles: geographesch oder geomorphologesch Bezeechnung, déi méi aktuell a méi komplett ass, fir d'Deeler vun de Klengen Antillen éischter op enger südwestlech-ëstlech-orientéierter Achs ze definéieren.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Kleng Antillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |