Längtemooss

Ënner enger Längtemooss oder méi genee enger Längtemoosseenheet versteet een eng Moosseenheet fir d'Längt. D'Längtemooss gëtt gebraucht fir d'Längt vun enger Streck oder Linn an enger Dimensioun, oder vun engem Ofstand (Distanz), ze moossen oder unzeginn.

Meter

D'international genormt Grondeenheet vun der Längt ass de Meter.

De Meter ass eng vum internationalen Eenheetesystem festgeluecht gesetzlech Moosseenheet an de meeschte Staaten an eng SI-Basiseenheet. En ass iwwer d'Liichtvitess definéiert a vun him si weider Eenheeten ofgeleet. Duerch d'Prefixe gëtt uginn, mat wat fir engem Facteur de Meter ze multipléizieren ass. D'SI-Prefixe fir méi wéi 10³ gi gewéinlech rar gebraucht.

Verglach

A munneche Fachgebidder a Kulturraim waren – a sinn zum Deel nach haut – weider Eenheeten am Gebrauch, beispillsweis:

EenheetZeechenMeterDefinitiounBenotzungszäitGebrauchsberäich
vubis
Parsecpc030.856.776.000.000.000Distanz vun engem Stär, deen eng järlech Parallax vu genee enger Bousekonn opweisthautAstronomie
Liichtjoer
light year
Lj
ly
lyr
zirka 09.460.528.000.000.000De Wee deen d'Liicht am Vakuum an engem julianesche Joer zeréckleethautAstronomie
Astronomesch Eenheet
engl. Astronomical Unit
AE
AU
0149.597.870.691mëttels Distanz Äerd–Sonnhaut
Rasta (Eenheet)04.800
04.900
2/3 vun enger geographescher Meil(germanesch Längtemooss)
Leugezirka 02.222antik gallo-réimesch Längtemooss
Séimeil oder nautesch Meilsm01.8521' BreetendifferenzhautNavigatioun
Statute Mile
(terrestresch Meil)
01.609,344hautUSA
Meil
engl. Mile
mi01.482
011.299
Werst01.066,8Russland
Kilometerkm01.000103 m1800haut
Stadionzirka 0158,5
zirka 0211
600 Fußantikt Griicheland
Hektometerhm0100102 m1800haut
Sunsun00,030 303 0301/33 mJapan
Dekameterdam010101 m1800haut
RuteR.03,7663
04,2951
Preußen
Sachsen
landwirtschaftlech Längtmooss
Klafterzirka 01,9ausgestreckte Männeräerm
Fuedemzirka 01,8
Meterm01iwwer Liichtvitess am Vakuum1800haut
Yardyd00,91441 yard = 3 feet = 36 incheshautUSA
Duebelschrëtt00,8
01,5
Schrëtt00,71
00,75
Grouss-Ellzirka 00,52
Ellzirka 00,45 bis 1,713regional staark onbestänneg
Spanzirka 00,23hallef Ell
Fouss
engl. foot, feet
ft00,30481 ft = 12 inZanter 1980 global Héichtemooss an der Aviatioun (entgéint der SI-Konventioun)
fréier um Fouss vum jeeweilege Kinnek gemooss
Dezimeterdm00,110−1 m1800haut
Handbreetzirka 00,081/3 Span
Zoll
(engl. inch)
in
"
00,0254hautUSA
Fangerbreetzirka 00,021/4 Handbreet
DeelungseenheetTE00,018
00,00508
Schaltschafbau
Elektronikbaugruppen
Zentimetercm00,0110−2 m1800haut
Stéch00,006 666 666 62/3 cmSchongbranche, hep franséische Stéch
Linn
Paräisser Linn
'''00,002 255 81/144 vum Paräisser Fouss (32,47 cm)haut an der Auerentechnik a fir d'Deelung vu Libellen
Millimetermm00,00110−3 m1800haut
PunktP
p
pt
00,000 375
00,000 376 065
00,000 352 778


1/72 in
Dréckerei
Charrière
French
CH
FR
00,000 333 333 31/3 mmMedizintechnik
milli-inchmil00,000 025 41000 mil = 1 inElektronik, Verwiesselungsgefor mat Mil
Mikrometerµm00,000 00110−6 m1800haut
Nanometernm00,000 000 00110−9 m1800haut
ÅngströmÅ00,000 000 000 110−10 m1965Angab vum Atomradius
X-Eenheetzirka  00,000 000 000 000 110−13 m19251965Röntgen
Planck-Längt 01,616252 10−35Grenz vun der widersprochsfräi Brauchbarkeet vun de bekannte Physik-Gesetzer1930hautStringtheorien, Schläifequantegravitatioun

Legende: SI-Einheiten

Eenheeten déi um Inch (") baséieren, wéi Fouss (ft), Yard asw. (Angloamerikanescht Moosssystem), déi an der Bezéiung zum Meter genormt sinn, gi weider am deegleche Liewen an den USA souwéi generell an der Elektronik gebraucht. D'Wëssenschaft ass schonn längst zum Metreschen Eenheetesystem iwwergangen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Längtemoossen – Biller, Videoen oder Audiodateien