Lëtzebuerger Buchpräis

De Lëtzebuerger Buchpräis ass e Präis, dee vum Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren zanter 2006 all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg vergi gëtt.

Zanter 2010 geschitt d'Selektioun an zwéi Schrëtt: Fir d'éischt huet eng Fachjury[1] tëscht de ronn 40 Bicher, déi déi Editeuren, déi Member vum Verband sinn, aus hire rezente Publikatiounen nominéiert haten, der 16 erausgesicht, jee véiermol 4 pro Kategorie. Dës Kategorië sinn: Literatur, Jugend- a Kannerbuch, Sachbuch a Bild- a Konschtbuch. Vun dëser Shortlist konnt da jiddwereen dee matmaache wëll, säi Favorit pro Kategorie wielen[2].

Laureaten

2023

  • An der Kategorie Literatur huet d'Claudine Muno ënner fënnef Konkurrenten a Konkurrentinne fir hire Roman Dëst ass net däi Liewen (Op der Lay) de Buchpräis 2023 gewonnen.
  • An der Kategorie Sachbuch ass der Germaine Goetzinger hiert biografescht Wierk Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus (Éditions Guy Binsfeld) vum Jury ausgezeechent ginn.
  • An der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet D’Rommel Bommel an hir Frënn vun der Charlotte Reuter a Lynn Cosyn (Ernster Éditions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.
  • De Publikumspräis geet un Koma21 vun der Anja Di Bartolomeo.
  • Den Designerpräis goung un der Fabienne Hollwege hiert Buch To Live heiβt Leben und Liebe heiβt Love (Éditions Binsfeld).

2022

Aus der Shortlist vun dräi Mol fënnef Bicher goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[3]:

  • Kategorie Sachbuch: Luxembourg-Lorraine au Moyen-Age vum Philippe Stachowkski a Jean-Marie Blaising (Gérard Klopp éditeur).'
  • Kategorie Literatur: De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus vum Pit Schlechter, mat Zeechnunge vum Pit Weyer (Kremart Edition).
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: Watgelift? vum Isabelle Hild an Andréi Clontea (PersPektiv Editions)
  • Publikumspräis: Watgelift? vum Isabelle Hild an Andréi Clontea (PersPektiv Editions)
  • Designerpräis: Le difficile chemin vers la grande ville vum Christian Aschman a Robert L. Philippart, Editions Guy Binsfeld.

2021

Aus der Shortlist vun am ganze 16 Bicher[4] goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[5][6]:

  • Kategorie Sachbuch: #LuxUKLinks (Maison Moderne) vum John Marshall
  • Kategorie Literatur: Bluttsëffer (Imprimerie Centrale) vum Jhemp Schuster
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: Waking the Mountain (Zoom Éditions) vun der Marina Fonseca an der Lisa Junius
  • Designertpräis: Stories from the Inside (40 Years Valentiny Architects: Point Nemo Publishing)
  • Publikumspräis: 12 Nei Gutt-Nuecht-Geschichten (Éditions Phi) vun der Sonja Bintener an der Sejana Granatkina

An der Jury waren dat Joer: Marcel Kieffer (Journalist), Isabelle Marinov (Autrice), Romy Liefgen (Libraire),  Miriam Rosner (Grafikerin) a Pascal Seil (Centre national de littérature).

2019

  • Kategorie Sachbuch: Mit den Haien streiten (CapyBaraBooks).
  • Kategorie Literatur: Les Bulles (Hydre Editions) vum Tom Reisen
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: So mol, Lobo (Kremart Edition) vun der Christiane Kremer an dem Vincent Biwer
  • Spezialpräis "Coup de coeur" vun der Jury: Zweemol schwaarze Kueder (Op der Lay) vum Gast Groeber
  • Publikumspräis: Dizzy on the Road (Editions Revue) vum Ralph Diseviscourt a Gaston Zangerlé

2018

  • Kategorie Sachbuch: Eugène Mousset, le maître d'Esch vum Luciano Pagliarini a Laura Caregari (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Literatur: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge vum Nico Helminger (Éditions Guy Binsfeld)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Wooow!!! Lëtzebuerg vum Thomas Schoos a Keong A-Song (Éditions Guy Binsfeld)
  • Publikumspräis: An American in Luxembourg vum Mike McQuaide (Éditions Saint-Paul)
  • Spezial Präis „Design“: Histoires de familles vun der Marie-Hélene Lebeau-Taschereau (Éditions Maison Moderne)
  • Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Subridere. Un aller simple vun der Nathalie Ronvaux (Hydre Éditions)[7].

An der Jury waren: Jay Schiltz (Auteur), Charlotte Ziger (CNL), Jean-Marie Reding (Bibliothecaire), Laurent Daubach (Graphiker) an Nicolas Calmes (Student uni.lu, Gewënner vum Prix Laurence 2017)[8]. D'Präisser ware mat allkéiers 500 Euro dotéiert[7].

2017

  • Kategorie Sachbuch: ex aequo: I'm not a refugee vun der Frédérique Buck (Éditions Maison Moderne); Le pays des 3 frontières vum Philippe Stachowski (Édition Klopp)
  • Kategorie Literatur: Aname vum Charel Meder (Op der Lay)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch:  Telmo vum Roland Meyer (Éditions Op der Lay)
  • Publikumspräis: I'm not a refugee (Éditions Maison Moderne)
  • Spezial Präis „Design“: D'Linn Lynn vum Luc Marteling an Tom Schartz (Kremart Édition)
  • Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Larven vun der Nora Wagener (Hydre Éditons)

An der Jury souzen: Isabelle Spigarelli (Autorin), Claude D. Conter (Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv), Julie Conrad (Designerin), Bea Kneip (RTL), Jeanne Tournau-Offermann (Musel-Sauer Mediathéik) a Sacha Dahm (Student vun der Uni.lu)[9].

2016

2015

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: The Art of Mr Hublot vum Laurent Witz (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Literatur: Rasch(t)Auer vum Roland Harsch (Éditions Guy Binsfeld)
  • Kategorie Sachbuch: Anne’s Kitchen: Barcelona-Istanbul-Berlin vun der Anne Faber (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Dreamcatcher Volume 3 vum John Rech an Andy Genen (Éditions Schortgen)
  • "Coup de Coeur" vun der Jury: La théorie de l'univers – distiques décasyllabiques vum Lambert Schlechter (Éditions Phi)
  • Spezialpräis vun der Jury: Unter Büchern – Enthüllungen eines Insiders vum Sabrina Notka, Mich Geimer, Steffi Willkomm a Stanislas Marchal (Éditions Guy Binsfeld)[11]

2014

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: Kasematten - Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg vum Jérôme Konen (J. Konen Prod.)
  • Kategorie Literatur: All Dag verstoppt en aneren vum Gast Groeber (Éditions Op der Lay)
  • Kategorie Sachbuch:: Anne’s Kitchen vun der Anne Faber (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Den Eppes vum Jhemp Hosceit an Dorota Wünsch (Éditions Guy Binsfeld)
  • "Coup de Coeur" vun der Jury:
  • Spezialpräis vun der Jury: Illustratioune vun der Dorota Wünsch[12]

2013

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: Bopebistro Buch vu MASKéNADA (Éditions Saint-Paul)
  • Kategorie Literatur: De Pol muss an de Krich vum Péil Schlechter (Éditions Guy Binsfeld)
  • Kategorie Sachbuch: Et war net keen vum Steve Remesch an Eric Hamus (Éditions Saint-Paul)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Wa Lämmercher grouss gin vun der Marie Hoffmann (Éditions Op der Lay)
  • "Coup de Coeur" vun der Jury: Plakkerskamp vum Bonneviale Project Luxembourg (Éditions Op der Lay)[13]

2012

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: De Mann aus dem Séi vun der Henriette Nittel (Éditions Op der Lay)
  • Kategorie Literatur: Muedebëtzeg vum Roland Meyer (Éditions Op der Lay)
  • Kategorie Sachbuch: Ketty Thull vum Carlo Weber a Fränk Weber (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Gefaangen an der Diddelenger Geschicht. Band 1 vum John Rech an ND! Genen (Éditions Schortgen)
  • Éierepräis fir säin Engagement fir d'Bicher zu Lëtzebuerg: Fernand Mathes (RTL Radio Lëtzebuerg)[14]

2011

2010

2009

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt vum Jérôme Kohnen mam Groupe spéléologique luxembourgeois (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Literatur: Todeswasser vum Marco Schank (Éditions Op der Lay)
  • Kategorie Sachbuch: Top Secret - Auch das ist Luxembourg! (Band 3) vum Marc Wilwert, zesumme mam Luc Marteling, Marc Thill a Claude Feyereisen (Éditions saint-paul).
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Dem klenge Felix seng grouss Rees vun der Renée Weber (Éditions Op der Lay)[17]

2008

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: Lëtzebuerg an de 60er Joeren [sic] vun der Bibi Krings (Éditions Schortgen).
  • Kategorie Literatur: Tatort Rollengergronn vun der Monique Felgen (Éditions saint-paul)
  • Kategorie Sachbuch:Top Secret - Auch das ist Luxembourg! (Band 2) vum Marc Wilwert, zesumme mam Luc Marteling, Marc Thill a Claude Feyereisen (Éditions saint-paul).
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Monsteren am Gaart vum Jhemp Hoscheit a Vanessa Staudt (Éditions Guy Binsfeld)
  • Spezialpräis vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren: De Roger Manderscheid gouf geéiert fir seng Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Literatur[18]

2007

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
  • Kategorie Literatur: ???
  • Kategorie Sachbuch: ???
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???

2006

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
  • Kategorie Literatur: ???
  • Kategorie Sachbuch: ???
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???

Kuckt och

Referenzen