2019

Joer

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2019.

D'Joer 2019 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

Nordamerika

Mëttel- a Südamerika

Asien

Ozeanien

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Kino

  • César fir dee beschte Film: Jusqu'à la garde vum Xavier Legrand
  • Oscar fir dee beschte Film: Green Book vum Peter Farrelly
  • Gëlle Palm fir dee beschte Film: Parasite vum Bong Joon-Ho

Lëtzebuerg

Première vun: Péitruss (12.3.), Sawah (20.3.), Lost in the 80s (9.10.), De Buttek (27.11.),...

Ekonomie

Wëssenschaft an Technik

Éischt Foto vun engem Schwaarze Lach
  • 01. Januar: D'US-amerikanesch Raumsond New Horizons flitt op ongeféier 3.500 km laanscht den transneptuneschen Objet (486958) Arrokoth, deen Objet am wäitste vun eis ewech, dee vun enger Sond ënnersicht gouf.
  • 03. Januar: Déi chineesesch Raumsond Chang'e-4, déi de 7. Dezember 2018 gestart war, lant um 3:26 Auer MEZ als éischt op der hënneschter Säit vum Mound.
  • 09. Abrëll: E Mineral, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf, kritt offiziell den Numm Luxembourgit.
  • 11. Abrëll: Déi éischt Foto vun engem Schwaarze Lach, opgeholl vum Event Horizon Telescope an der Galaxie Messier 87, gëtt publizéiert.
  • 06. September: De Modul vun der indescher Moundmissioun Chandrayaan-2, deen um Mound lande sollt, fält erof. Den Orbiter, mat deem en den 22. Juli 2019 gestart ass, funktionéiert normal.

Sport

  • 26. Januar: D'Naomi Osaka gewënnt d'Australian Open bei den Dammen.
  • 27. Januar: Den Novak Djokovic gewënnt d'Australian Open bei den Hären.
  • 03. Mäerz: De Bob Jungels gewënnt Kuurne-Brussel-Kuurne 2019.
  • 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2:1 géint Litauen. De Leandro Barreiro Martins an de Gerson Rodrigues hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[2].
  • 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:2 géint d'Ukrain. Den Dave Turpel huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss, an an der 93. Spillminutt war de Gerson Rodrigues den "Auteur" vum Selbstgol[3].
  • 11. Mee2. Juni: Giro d'Italia 2019; den Ecuadorianer Richard Carapaz gewënnt d'Course.
  • 27. Mee1. Juni: Spiller vun de klenge Länner 2019 a Montenegro.
  • 2. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 3:3 mat Madagaskar gläichgespillt. De Vincent Thill (an der zweeter Minutt), de Vahid Selimovic (90') an de Laurent Jans (och an der 90') hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Fir de Selimovic war et den éischte Match am Kader vun de Roude Léiwen. Et war och den Debutmatch fir de Kevin Holtz[4], an et war de leschte Match an der Nationalekippkarriär vum Mario Mutsch[5].
  • 7. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet a litauesche Vilnius an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:1 mat Litaue gläichgespillt. De Gerson Rodrigues huet an der 21. Minutt den eenzege Gol fir Lëtzebuerg geschoss[6].
  • 10. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Arena-Lwiw-Stadion zu Lwiw (Ukrain) an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:0 géint d'Ukrain[7].
  • 05. September: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Belfast an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Nordirland. De Gol fir Nordirland war de Selbstgol vum Lëtzebuerger Verdeedeger Kevin Malget[8].
  • 12. Oktober: Den Eliud Kipchoge leeft, mat 1h 59min 40sec, als Éischten de Marathon ënner 2 Stonnen.

Gebuer

Bruno Ganz
Karl Lagerdfeld
Agnès Varda
Bibi Andersson
Jean vu Lëtzebuerg
J.-Pierre Marielle
Doris Day
I. M. Pei
Niki Lauda
Béji Caïd Essebsi
Toni Morrison
Peter Fonda
Sigmund Jähn
Jacques Chirac
Jessye Norman
Karel Gott
Marie-Josée Nat
Raymond Poulidor

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 2019 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen