Malawi


D'Republik Malawi (chichewa: Dziko la Malaŵi, engl: Republic of Malawi) ass e Staat a Südostafrika. Malawi grenzt am Osten a Süden u Mosambik, am Norden un Tansania an am Westen u Sambia. Bal e Véirels vum Staatsgebitt ass Waasser; de Malawiséi, den drëttgréisste Séi an Afrika, läit fir de gréissten Deel bannent de Staatsgrenzen a mécht am Nordosten eng natierlech Grenz zu Tansania a Mosambik.

Dziko la Malaŵi
Republic of Malawi

Fändel vum Malawi

Wope vum Malawi

Detailer

Detailer
National Devise: Unity and Freedom
(Eenheet a Fräiheet)
Offiziell Sprooch:Englesch (offiziell)
Chichewa (national)
Haaptstad:Lilongwe
Staatsform:Republik
 • Presidentin:Lazarus Chakwera
Fläch:118 484[1] km²
 • Dovu Waasser:20% %
Bevëlkerung:9 933 868[2]
 • Bevëlkerungsdicht:83,4/km²
Onofhängegkeet:vu Groussbritannien,
de 6. Juli 1964
Republik zanter dem 6. Juli 1966
Nationalfeierdag:6. Juli
Nationalhymn:Mlungu salitsani malawi
Wärung:Malawi Kwacha (MWK)
Zäitzon:UTC +2
Internet TLD:.mw
Internationalen
Telefonsprefix
:
+265

Geographie

Klima

D'Klima ass gréisstendeels subtropesch. D'Reenzäit dauert vun November bis Abrëll, de Mee-Oktober ass dogéint eng dréchen Zäit mat wéineg Reen. Laanscht d'Küst vum Malawi Séi, am Dall vum Floss Shire an an der Géigend ëm Lilongwe ass d'Klima éischter waarm a fiicht.

Bevëlkerung

Sproochen

Offiziell Sprooche sinn Nyanja (Chichewa) an Englesch. Regional gëtt och nach Lomwe, Yao, Bengali, Tumbuka a Sena geschwat.

Reliounen

Keng offiziell Staatsrelioun.

73 % Chrëschten (dovu 55 % Protestanten), 20 % sunittesch Moslemen, 5 % sinn Unhänger vun Naturreliounen.

Politik

Zanter 1994 ass Malawi eng Demokratie.

Administrativ Ënnerdeelungen

Malawi ass an dräi Regiounen (regions) ënnerdeelt. D'Regioune sinn a 27 Distrikter gegliddert déi nach eng Kéier an 137 Haiptlengsgebidder an an 68 Ënnerhaiptlengsgebidder ënnerscheet ginn.

mat den Distrikter: Dedza, Dowa, Kasungu, Lilongwe, Mchinji, Nkhotakota, Ntcheu, Ntchisi, Salima
  • Nordregion (Mzuzu)
mat den Distrikter: Chitipa, Karonga, Likoma, Mzimba, Nkhata Bay, Rumphi
  • Südregioun (Blantyre)
mat den Distrikter: Balaka, Blantyre, Chikwawa, Chiradzulu, Machinga, Mangochi, Mulanje, Mwanza, Nsanje, Phalombe, Thyolo, Zomba

Referenzen an Notten

Um Spaweck

Commons: Malawi – Biller, Videoen oder Audiodateien