Schockela

Schockela ass e Liewensmëttel dat virun allem aus Kakao an Zocker gemaach gëtt.

Schockelaszorten

Schockela gëtt entweeder an Tablette verkaf, fir sou giess ze ginn, oder an aner Liewensmëttel verschafft, meeschtens an der Patisserie oder an der Kiche fir Desserten:

  • an der Patisserie als Bestanddeel vu Kuchen oder als Glasur vun Taarten, wéi bei der Schwarzwälder Kiischtentaart, Sachertaart an och bei Kaffiskichelcher wéi Schockelaskichelcher
  • an der Kichen z. B. a Glacen, geschmolt a waarm bei Desserte wéi op der Dame blanche. Och an Zosen oder Marinade kann ee Schockela fannen
  • an der Confiserie sinn et déi sëllege Knippercher, déi mat Schockela gemaach ginn.

Zu den an Europa bekannte Schockelasmarken zielen ënner anerem Côte d'Or (Belsch), Milka (Schwäiz), Lindt (Schwäiz), Marabou (Schweden) an Neuhaus (Belsch).

Kuckt och