Shavkat Mirziyoyev
De Shavkat Miromonovich Mirziyoyev (uz-cyrl: Шавкат Миромонович Мирзиёев), gebuer de 24. Juli 1957 am Distrikt Zomin, Provënz Jizzax, dunn Usbeekesch SSR an der Sowjetunioun, ass en usbeekesche Politiker an zanter 2016 President vu sengem Land.
Shavkat Mirziyoyev | |
---|---|
Gebuer | 24. Juli 1957 |
Nationalitéit | Usbekistan |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Hie war zënter dem 12. Dezember 2003 Premierminister vum Usbekistan. Nom Doud vum President Islom Karimov gouf de Mirziyoyev den 8. September 2016 zum Staatschef faisant-fonction ernannt. De 5. Dezember 2016 gouf hie bei Walen a senger Fonctioun konfirméiert. Bei de Wale vum 24. Oktober 2021 an deene vum 9. Juli 2023 gouf hien erëmgewielt.
De Mirziyoyev ass diploméierte Maschinneningenieur, spezialiséiert an der Bewässerungstechnik.
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake