Spotify

Spotify ass eng schweedesch Audiostreaming-Plattform mat iwwer 82 Millioune Lidder.

Spotify AB
TypAktiegesellschaft
Grënnungsdatum23. Abrëll 2006
SëtzStockholm, Schweden[1]
BrancheStreaming-Plattform
ProduitAudio
Homepagewww.spotify.com

Si gouf 2006 gegrënnt an zielt zu de gréissten an hirer Aart, mat iwwer 456 Milliounen aktive Benotzer (Stand: Januar 2023), dovun 195 Milliounen, déi fir de Service bezuelen. Déi aner gebrauchen eng gratis Offer mat Publicitéit a limitéierte Funktiounen.[2]

De Sëtz vu Spotify ass zu Stockholm. D'Entreprise gëtt op der Bourse vun New York gehandelt iwwer d'Holdinggesellschaft Spotify Technology S.A. mat Sëtz zu Lëtzebuerg.[3]

Referenzen