Sumatra

Insel déi zu Indonesien gehéiert


Sumatra (Indoneesesch: Sumatera) ass eng 473.481 km² grouss Insel déi zu Indonesien gehéiert. Et ass déi sechstgréisst Insel op der Welt[1].

Sumatra
Geographie
KontinentAsien
LandIndonesien
Läit an/amIndeschen Ozean
Gehéiert zuGrouss Sundainselen
Koordinaten0°0'0"N, 101°59'49"O
Fläch473.481 km²
Küstelängt4.869 km
Längt1.700 km
Breet370 km
Héchste PunktGunung Kerinci (3.805 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner60.000.000
Awunnerdatum2021
Aner Informatiounen

Sumatra ass eng 1700 Kilometer laang, an Nordwest-Südost-Richtung, an 370 Kilometer breet. An der Mëtt vun der Insel geet den Equator driwwer.

Se läit um westleche Wupp vun Indonesien, dat aus enger Kette vun Insele besteet. Südëstlech vu Sumatra läit, duerch déi 40 Kilometer breet Sundastrooss getrennt – d'Haaptinsel Java. Den Tobaséi am Norde vun der Insel ass dat, wat vum Ausbroch vun engem Supervulkan, viru ronn 75.000 Joer, Rescht bliwwen ass.

D'Barisanbierger (Gunung Barisan) op Sumatra fänke laanscht d'Westküst un a ginn da wat et méi no Südoste geet, méi héich. Den héchste Bierg ass de Kerinci mat 3.805 Meter. Déi ëstlech Hallschent vun der Insel ass flaach; bal d'Hallschent vum bis 300 km breede Flaachland besteet aus Suppen.

Virgelagert Inselen

Am Osten, an der Strooss vu Malakka, leien eng Rëtsch flaach Inselen (indoneesesch: Pulau) virun der Côte:

  • Rupat
  • Bengkalis
  • Padang
  • Rangsang
  • Rantau
  • Penyeler

Méi südlech, virun der Ostküst, leien d'Insele Bangka a Belitung. Virun der Landspëtzt Aceh am Nordwest läit d'Insel Weh.

Laanscht d'Südwestküst leien, am Norden ugefaangen:

  • Simeuluë
  • d'Banyak-Inselen mat Balai, Tuangku, Bangkaru a Palambak
  • Nias
  • d'Batu-Inselen mmat ë. a. Tanahbala, Tanahmasa a Pini
  • d'Mentawai-Inselen mat Siberut, Sipora, Nordpagai a Südpagai
  • Mega
  • Enggano

An der Sundastrooss, am Süde vu Sumatra, leien d'Vulkaninsel Krakatau, Legundi, Sebuku a Sebesi.

Administrativ Andeelung

Sumatra mat den Insele ronderëm ass an 10 Provënzen agedeelt, déi hirersäits an Distrikter a Stied ënnerdeelt sinn (Kabupaten a Kota):

  • Aceh, Haaptstad Banda Aceh
  • Bangka-Belitung (zwou Inselen), Haaptstadt Pangkal Pinang
  • Bengkulu, Haaptstad Bengkulu
  • Jambi, Haaptstad Jambi
  • Lampung, Haaptstad Bandar Lampung
  • Riau, Haaptstad Pekanbaru
  • Kepulauan Riau (Riau-Inselen), Haaptstad Tanjung Pinang
  • Sumatra Barat, Haaptstad Padang
  • Sumatra Selatan, Haaptstad Palembang
  • Sumatra Utara mat der Insel Nias), Haaptstad Medan

Populatioun

Op Sumatra an de virgelagerten Insele liewe ronn 60 Millioune Leit (Schätzung 2021[2]); ronn 125 Awunner pro Quadratkilometer.

Ekonomie

Op Sumatra gëtt et bedeitend Gisementer vu Pëtrol. 70 % vum Akommes vun Indonesien gëtt op Sumatra generéiert. Och de Biergbau Kuelen, Gold, Bauxit an Zënn spillen eng wichteg Roll. An der Landwirtschaft gëtt ëmmer méi Palmueleg ugebaut, donieft spille Kautschuk, Peffer, Kaffi an Tubak eng Roll.

Fir d'Landwirtschaft goufe grouss Deeler vum tropesche Reebësch, deen et do gouf, gehaen. Wat dovu Rescht ass, gouf 2004 vun der UNESCO als Naturmonument op d'Lëscht vun de Weltnaturierwen opgeholl.

Um Spaweck

Commons: Sumatra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten