Universitéit vu Kalifornien

D'University of California (UC) ass nieft dem California-State-University-System dat zweet kalifornescht System vu bundesstaatlechen Universitéite mat am Ganzen iwwer 192.000 Studenten (offiziell gëtt et nach d'Community Colleges California als drëtt). Et gëtt eng „University of California“ an 10 Stied.

Universitéit vu Kalifornien
TypEducatiounsinstitut, Universitéit, Organisatioun
LandUSA
UertschaftOakland, Santa Barbara
Schülerzuel285.216
Gegrënnt1868
GrënnerFrederick Low
Um Spaweckhttps://www.universityofcalifornia.edu/


Universitéit zu Berkeley)

Déi eenzel Universitéite sinn onofhängeg vuneneen. Si deele sech e gudde Ruff fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung. Vill vun den Universitéiten hunn Nobelpräisdréier an aner Spëtzefuerscher als Professeren. An de leschte Jore goufen d'Nobelpräisser fir Physik a Wirtschaft un d'UC-Professere zu Santa Barbara resp. San Diego verginn.

Geschicht

D'Grënnung vun den Universitéite gouf schonn an der kalifornescher Verfassung vun 1849 virgeschriwwen. 1866 gouf vum Legislateur den 'Agricultural, Mining, and Mechanical Arts College gegrënnt. Am Ufank hat et dem College fir en normale Betrib ze féieren u finanzielle Mëttele gefeelt. D'Sponsore vum College of California hunn am Joer 1866 65 Hektar Land, um Gebitt vum haitege Berkeley, kaf.

Den 23. Mäerz 1868 gouf schliisslech d'University of California mat Vertrag gegrënnt an domat déi eelst Deeluniversitéit, d'UC Berkeley (UCB). De jéngsten Ofleeër gouf 1999 zu Merced gegrënnt, 2002 war d'Ouverture an am September 2005 gouf de Léierbetrib opgeholl.

Plazen

Standplaze vun UC-Campussen a Laboratoiren
HéichschoulOfkierzungPlazGrënnungStudentenzuel

(2005)

Sportteam/Liga
University of California, BerkeleyUCB oder CalBerkeley186830.269California Golde Bears (Pacific-12 Conference)
University of California, San FranciscoUCSFSan Francisco18732.863keng
University of California, Los AngelesUCLALos Angeles191935.967UCLA Bruins (Pacific-12 Conference)
University of California, DavisUCDDavis190530.475Aggies (Big West Conference)
University of California, Santa BarbaraUCSBSanta Barbara190520.559Gauchos (Big West Conference)
University of California, RiversideUCRRiverside195416.863The Highlanders (Big West Conference)
University of California, San DiegoUCSDSan Diego195925.339Tritons (California Collegiate Athletic Association)
University of California, IrvineUCIIrvine196524.434Anteaters (Big West Conference)
University of California, Santa CruzUCSCSanta Cruz196515.013Banana Slugs
University of California, MercedUCMMerced20051.300Golde Bobcats (California Pacific Conference)

Laboratoiren

D'University of California ënnerhält dräi national Laboratoiren ënner dem Patronat vum United States Department of Energy:

  • Ernest Orlando Lawrence Berkeley National Laboratory
  • Lawrence Livermore National Laboratory
  • Los Alamos National Laboratory

Observatoiren

D'University of California ënnerhält zwéi Observatoiren. D'Fuerschungszentre sinn zu Santa Cruz ugesidelt, ginn awer vun allen UCs gebraucht.

Um Spaweck