Zwee

natierlech Zuel
2

D'natierlech Zuel Zwee (2) ass d'Nofollgerin vun der Eent an d'Virgängerin vun der Dräi. Et ass déi eenzeg gerued Primzuel.

Dat réimescht Zeeche fir d'Zwee ass II.

Zwee an der lëtzebuergescher Grammaire

D'lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Zwee:

Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.

Beispiller fir zwee:

MännlechWeiblechSächlech
zwéi Beem,

zwéin Afen

zwou Fraenzwee Kanner
Zwéi Beem(m)Hues de déi zwéi gesinn?(bezitt sech op d'Beem)
Zwéin Afen(m)Ech gesinn der zwéin.(bezitt sech op d'Afen)
Zwou Fraen(w)Ech gesinn der zwou.(bezitt sech op d'Fraen)
Zwee Kanner(s)Hues de déi zwee gesinn?(bezitt sech op d'Kanner)

Zwee gëtt nach gebraucht wann ee vun enger Koppel schwätzt (m + w)

Beispill: Hues de déi zwee gesinn? (bezitt sech z. B. op Mann a Fra)

Bemierkung: Hautdesdaags gëtt et fälschlecherweis eng Tendenz fir d'Form zwéi(n) duerch zwee z'ersetzen.

Um Spaweck

Commons: Zwee – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Zwee Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen