1963: An de belluneseschen Alpen (Italien) falen 260 Mio. Kubikmeter Buedem an de Séi vum Vajont Barrage. D'Uertschaft Longarone mat hire knapps 2000 Awunner gouf vun der riseger Waasserwell, déi iwwer de Bord vun der Staumauer ewechgaangen ass, komplett ausradéiert.
1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lugano 0:4 géint Schwäiz.[2]
1982: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:2 géint Griicheland.[3]
2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland.[4]
2014: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.[5]
2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[6]
2016: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Borisov 1:1 géint Wäissrussland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[7]