Foussball-Weltmeeschterschaft 2006

Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 vun de Männer gouf vum 9. Juni bis den 9. Juli 2006 an Däitschland ausgedroen a vun der italieenscher Nationalmannschaft gewonnen.

Offizielle Spillball vun der WM: +Teamgeist™

32 Mannschafte si fir d'éischt a Gruppen an duerno an Ausscheedungsspiller géinteneen ugetrueden. Am Ganze goufe 64 Matcher gespillt.

Bei der Kandidatur hat sech Däitschland de 6. Juli 2000 géint Brasilien, Marokko, England an zulescht an der Finall mat zwielef zu eelef Stëmme géint Südafrika duerchgesat. Méiglecherweis entscheedent fir d'Stëmmeverhältnis war dobäi e Bestiechungsbréif vum däitsche Satir-Magazin Titanic, deen no der eegener Ausso zur decisiver Stëmmenenthalung vum neiséilännesche FIFA-Vertrieder Charles Dempsey gefouert huet.

D'Motto vun der Kandidatur an der Ennronn heescht: „Die Welt zu Gast bei Freunden“ (A time to make friends) a soll d'Verbonnenheet vun den Däitsche mam Sport an hir Gaaschtfrëndschaft ausdrécken.

Den 1. Februar 2005 huet de Kaartevirverkaf fir d'WM ugefaangen. D'offiziellt Maskottche fir d'WM, e Léiw, gouf den 13. November 2004 virgestallt an heescht Goleo VI. Weider WM-2006-Symboler, déi den Oranisatiounskommitee ëm de Franz Beckenbauer virgestallt huet, sinn den offizielle Logo, deen aus faarwege Gesiichter besteet, an dat offiziellt WM-Plakat (déifblo, mat winzege Stärecher, déi sech zu engem Foussball verbannen).

Kuckt och:Maskottchen, Logo a Plakat.

De FIFA-Konfederatioune-Pokal 2005, deen och an Däitschland war, huet als Generalprouf fir dës Weltmeeschterschaft gegollt.

D'Matcher vun der WM 2006 wäerten op Wuesterrainen (Naturwues) ofgehale ginn. Fir soss all Turnéier- an Qualifikatiounsmatcher op FIFA-Niveau goufen och Konschtwuesbeläg zougelooss, souwäit wéi se de Qualitéitskrittäre vun der FIFA entspriechen. Gespillt gëtt mam offizielle WM-Ball vum bekannte Sportartikelproduzent Adidas mam Numm +Teamgeist™.

WM - Stied

StadOriginal StadionNumm vum Stadion fir d'WM 2006ClubCapacitéit
BerlinOlympiastadionOlympiastadionHertha BSC Berlin77.176
DortmundSignal Iduna ParkFIFA World Cup Stadium, DortmundBorussia Dortmund64.000
FrankfurtCommerzbank-ArenaFIFA World Cup Stadium, FrankfurtEintracht Frankfurt50.132
GelsenkirchenVeltins-ArenaFIFA World Cup Stadium, GelsenkirchenFC Schalke 0453.804
HamburgAOL ArenaFIFA World Cup Stadium, HamburgHamburger SV51.055
HannoverAWD-ArenaFIFA World Cup Stadium, HanoverHannover 9644.652
KaiserslauternFritz-Walter-StadionFritz-Walter-Stadion1. FC Kaiserslautern41,170
KölnRheinEnergieStadionFIFA World Cup Stadium, Köln1. FC Köln46.120
LeipzigZentralstadionZentralstadionFC Sachsen Leipzig44.199
MünchenAllianz ArenaFIFA World Cup Stadium, MünchenFC Bayern München, TSV 1860 München66.000
NürnbergFranken-StadionFranken-Stadion1. FC Nürnberg41.926
StuttgartGottlieb-Daimler-StadionGottlieb-Daimler-StadionVfB Stuttgart54.267

Ekippen

Fir d'éischt Kéier bei enger Foussball-Weltmeeschterschaft derbäi sinn Tschechien, d'Ukrain, Angola, d'Côte d'Ivoire, Ghana, Togo sou wéi Trinidad an Tobago.

14 aus Europa Däitschland England Frankräich Italien Kroatien
  Holland Polen Portugal Schweden Schwäiz
  Serbien-Montenegro Spuenien Tschechien Ukrain 
4 aus Südamerika Argentinien Brasilien Ecuador Paraguay 
4 aus Nord- a Mëttelamerika Costa Rica Mexiko Trinidad an Tobago USA 
5 aus Afrika Angola Côte d'Ivoire Ghana Togo Tunesien
4 aus Asien Iran Japan Saudiarabien Südkorea 
1 aus Ozeanien Australien    

Schidsriichter

Aus enger Virauswiel vu 44 Schiedsriichter goufen der fir d'éischt emol 23 fir d'Foussball Weltmeeschterschaft nominéiert. De Carlos Batres (Guatemala), de Kyros Vassaras (Griicheland) an de Manuel Mejuto González (Spuenien) goufe wéinst Blessuren oder wéinst ze wéineg Leeschtungen am Fitness vun der Lëscht gestrach a goufen duerch de Roberto Rosetti (Italien), de Luis Medina Cantalejo (Spuenien) an de Marco Rodriguez (Mexiko) ersat. De Massimo De Santis (Italien) gouf wéinst engem Verdacht op Ofsprooch vu Resultater mat Juventus Turin wärend der Saison 2005/2006 an der italieenescher Serie A vun der Lëscht gestrach. Et gouf keen Ersatz fir hien nominéiert. E puer Deeg nom Ufank vum Turnéier huet de Peter Prendergast (Jamaika) sech um Knéi blesséiert an ass mat sengen Assistenten erëm heem gefuer. 21 Schidsriichter hunn d'Matcher op der WM gepaff:

Spillplang

Qualifikatioun

D'Qualifikatiounsspiller fir d'WM 2006 ware vum 6. September 2003 bis de 16. November 2005. Am Ganze waren 200 Ekippe gemellt.

Kuckt heizou och den Artikel: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Qualifikatioun

Virronnen

Et gëtt aacht Gruppe mat véier Ekippen. Déi jeeweils éischt zwou Ekippe qualifizéiere sech fir d'Aachtelsfinall.

Grupp AGrupp BGrupp CGrupp D
Däitschland England Argentinien Mexiko
Costa Rica Paraguay Côte d'Ivoire Iran
Polen Trinidad an Tobago Serbien a Montenegro Angola
Ecuador Schweden Holland Portugal
Grupp EGrupp FGrupp GGrupp H
Italien Brasilien Frankräich Spuenien
Ghana Kroatien Schwäiz Ukrain
USA Australien Südkorea Tunesien
Tschechien Japan Togo Saudiarabien

Grupp A

PlazLandGolerPunkten
1 Däitschland8:29
2 Ecuador5:36
3 Polen2:43
3 Costa Rica3:90
9. Juni 2006, 18 Auer zu München
Däitschland- Costa Rica4:2 (2:1)
9. Juni 2006, 21 Auer zu Gelsenkirchen
Polen- Ecuador0:2 (0:1)
14. Juni 2006, 21 Auer zu Dortmund
Däitschland- Polen1:0 (0:0)
15. Juni 2006, 15 Auer zu Hamburg
Ecuador- Costa Rica3:0 (1:0)
20. Juni 2006, 16 Auer zu Berlin
Ecuador- Däitschland0:3 (0:2)
20. Juni 2006, 16 Auer zu Hannover
Costa Rica- Polen1:2 (1:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp A

Grupp B

PlazLandGolerPunkten
1 England5:27
2 Schweden3:25
3 Paraguay2:23
4 Trinidad an Tobago0:41
10. Juni 2006, 15 Auer zu Frankfurt/Main
England- Paraguay1:0 (1:0)
10. Juni 2006, 18 Auer zu Dortmund
Trinidad an Tobago- Schweden0:0 (0:0)
15. Juni 2006, 18 Auer zu Nürnberg
England- Trinidad an Tobago2:0 (0:0)
15. Juni 2006, 21 Auer zu Berlin
Schweden- Paraguay1:0 (0:0)
20. Juni 2006, 21 Auer zu Kaiserslautern
Paraguay- Trinidad an Tobago2:0 (1:0)
20. Juni 2006, 21 Auer zu Köln
Schweden- England2:2 (0:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp B

Grupp C

PlazLandGolerPunkten
1 Argentinien8:17
2 Holland3:17
3 Côte d'Ivoire5:63
4 Serbien a M.2:100
10. Juni 2006, 21 Auer zu Hamburg
Argentinien- Côte d'Ivoire2:1 (2:0)
11. Juni 2006, 15 Auer zu Leipzig
Serbien a Montenegro- Holland0:1 (0:1)
16. Juni 2006, 15 Auer zu Gelsenkirchen
Argentinien- Serbien a Montenegro6:0 (3:0)
16. Juni 2006, 18 Auer zu Stuttgart
Holland- Côte d'Ivoire2:1 (2:1)
21. Juni 2006, 21 Auer zu Frankfurt/Main
Holland- Argentinien0:0
21. Juni 2006, 21 Auer zu München
Côte d'Ivoire- Serbien a Montenegro3:2 (1:2)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp C

Grupp D

PlazLandGolerPunkten
1 Portugal5:19
2 Mexiko4:34
3 Angola1:22
4 Iran2:61
11. Juni 2006, 18 Auer zu Nürnberg
Mexiko- Iran3:1 (1:1)
11. Juni 2006, 21 Auer zu Köln
Angola- Portugal0:1 (0:1)
16. Juni 2006, 21 Auer zu Hannover
Mexiko- Angola0:0
17. Juni 2006, 15 Auer zu Frankfurt/Main
Portugal- Iran2:0 (0:0)
21. Juni 2006, 16 Auer zu Gelsenkirchen
Portugal- Mexiko2:1 (2:1)
21. Juni 2006, 16 Auer zu Leipzig
Iran- Angola1:1 (0:0)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp D

Grupp E

PlazLandGolerPunkten
1 Italien5:17
2 Ghana4:36
3 Tschechien3:43
4 USA2:61
12. Juni 2006, 18 Auer zu Gelsenkirchen
USA- Tschechien0:3 (0:2)
12. Juni 2006, 21 Auer zu Hannover
Italien- Ghana2:0 (1:0)
17. Juni 2006, 18 Auer zu Köln
Tschechien- Ghana0:2 (0:1)
17. Juni 2006, 21 Auer zu Kaiserslautern
Italien- USA1:1 (1:1)
22. Juni 2006, 16 Auer zu Hamburg
Tschechien- Italien0:2 (0:1)
22. Juni 2006, 16 Auer zu Nürnberg
Ghana- USA2:1 (2:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp E

Grupp F

PlazLandGolerPunkten
1 Brasilien7:19
2 Australien5:54
3 Kroatien2:32
4 Japan2:71
12. Juni 2006, 15 Auer zu Kaiserslautern
Australien- Japan3:1 (0:1)
13. Juni 2006, 21 Auer zu Berlin
Brasilien- Kroatien1:0 (1:0)
18. Juni 2006, 15 Auer zu Nürnberg
Japan- Kroatien0:0
18. Juni 2006, 18 Auer zu München
Brasilien- Australien2:0 (0:0)
22. Juni 2006, 21 Auer zu Dortmund
Japan- Brasilien1:4 (1:1)
22. Juni 2006, 21 Auer zu Stuttgart
Kroatien- Australien2:2 (1:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp F

Grupp G

PlazLandGolerPunkten
1 Schwäiz4:07
2 Frankräich3:15
3 Südkorea3:44
4 Togo1:60
13. Juni 2006, 15 Auer zu Frankfurt/Main
Südkorea- Togo2:1 (0:1)
13. Juni 2006, 18 Auer zu Stuttgart
Frankräich- Schwäiz0:0
18. Juni 2006, 21 Auer zu Leipzig
Frankräich- Südkorea1:1 (1:0)
19. Juni 2006, 15 Auer zu Dortmund
Togo- Schwäiz0:2 (0:1)
23. Juni 2006, 21 Auer zu Hannover
Schwäiz- Südkorea2:0 (1:0)
23. Juni 2006, 21 Auer zu Köln
Togo- Frankräich0:2 (0:0)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp G

Grupp H

PlazLandGolerPunkten
1 Spuenien8:19
2 Ukrain5:46
3 Tunesien3:61
4 Saudiarabien2:71
14. Juni 2006, 15 Auer zu Leipzig
Spuenien- Ukrain4:0 (2:0)
14. Juni 2006, 18 Auer zu München
Tunesien- Saudiarabien2:2 (1:0)
19. Juni 2006, 18 Auer zu Hamburg
Saudiarabien- Ukrain0:4 (0:2)
19. Juni 2006, 21 Auer zu Stuttgart
Spuenien- Tunesien3:1 (0:1)
23. Juni 2006, 16 Auer zu Berlin
Ukrain- Tunesien1:0 (0:0)
23. Juni 2006, 16 Auer zu Kaiserslautern
Saudiarabien- Spuenien0:1 (0:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp H

Finallronn

AachtelsfinallVéirelsfinallHalleffinallFinall
                  
 24. Juni, München      
A Éischten  Däitschland 2
 30. Juni, Berlin
B Zweeten  Schweden 0 
   Däitschland 1(4)²
24. Juni, Leipzig
   Argentinien 1(2) 
C Éischten  Argentinien 1(2)¹
 4. Juli, Dortmund
D Zweeten  Mexiko 1(1) 
   Däitschland 0(0)
26. Juni, Kaiserslautern
   Italien 0(2)¹ 
E Éischten  Italien 1
 30. Juni, Hamburg
F Zweeten  Australien 0 
   Italien 3
26. Juni, Köln
   Ukrain 0 
G Éischten CHE Schwäiz 0
 9. Juli, Berlin
H Zweeten  Ukrain 0(3)² 
   Italien 1(5)²
25. Juni, Stuttgart
   Frankräich 1(3)
B Éischten  England 1
 1. Juli, Gelsenkirchen
A Zweeten  Ecuador 0 
   England 0(1)
25. Juni, Nürnberg
   Portugal 0(3)² 
D Éischten  Portugal 1
 5. Juli, München
C Zweeten  Holland 0 
   Portugal 0
27. Juni, Dortmund
   Frankräich 1 Spill ëm d'drëtt Plaz
F Éischten  Brasilien 3
 1. Juli, Frankfurt8. Juli, Stuttgart
E Zweeten  Ghana 0 
   Brasilien 0  Däitschland 3
27. Juni, Hannover
   Frankräich 1   Portugal 1
H Éischten  Spuenien 1
 ¹ Gewonnen no der Verlängerung
² Gewonnen nom Elefmeterschéissen
G Zweeten  Frankräich 3 
 

Aachtelsfinall

24. Juni 2006, 17 Auer zu München
Däitschland- Schweden2:0 (2:0)
24. Juni 2006, 21 Auer zu Leipzig
Argentinien- Mexiko2:1 n.V. (2:1, 1:1, 1:1)
25. Juni 2006, 17 Auer zu Stuttgart
England- Ecuador1:0 (0:0)
25. Juni 2006, 21 Auer zu Nürnberg
Portugal- Holland1:0 (1:0)
26. Juni 2006, 17 Auer zu Kaiserslautern
Italien- Australien1:0 (0:0)
26. Juni 2006, 21 Auer zu Köln
Schwäiz- Ukrain0:3 n. E. (0:0)
27. Juni 2006, 17 Auer zu Dortmund
Brasilien- Ghana3:0 (2:0)
27. Juni 2006, 21 Auer zu Hannover
Spuenien- Frankräich1:3 (1:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Aachtelsfinall

Véierelsfinall

Fr, 30. Juni 2006, 17 Auer zu Berlin
Däitschland- Argentinien5:3 n. E., 1:1 n. V. (1:1, 0:0)
Fr, 30. Juni 2006, 21 Auer zu Hamburg
Italien- Ukrain3:0 (1:0)
Sa, 1. Juli 2006, 17 Auer zu Gelsenkirchen
England- Portugal1:3 n. E., 0:0 n. V.
Sa, 1. Juli 2006, 21 Auer zu Frankfurt
Brasilien- Frankräich0:1 (0:0)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Véirelsfinall

Halleffinall

Di, 4. Juli 2006, 21 Uhr in Dortmund
Däitschland
- Italien0:2 n. V.
Mi, 5. Juli 2006, 21 Uhr in München
Portugal- Frankräich 0:1 (0:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Halleffinall

Spill em déi 3. Plaz

Sa, 8. Juli 2006, 21 Auer zu Stuttgart
Däitschland- Portugal3:1 (0:0)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/3. Plaz

Finall

So, 9. Juli 2006, 20 Auer zu Berlin
Italien- Frankräich6:4 n. E., 1:1 n. V. (1:1, 1:1)

Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Finall

Organisatioun

WM-Quartéier

Dës Tabell lëscht d'WM-Quartéier vun de qualifiziéierte Mannschafte vun der Foussballweltmeeschterschaft 2006 op.Opfälleg ass, datt ausser am Groussraum Berlin (Däitschland zu Berlin selwer an d'Ukrain zu Potsdam) soss keen Team an engem ostdäitsche Bundesland säi Lager opschléit, awer och net a Schleswig-Holstein oder am Saarland.

LandStadHotelTrainingsterrain
  AngolaCelle (Niedersachsen)Ringhotel Celler TorGünther-Volker-Stadion
  ArgentinienHerzogenaurach (Bayern)HerzogsparkhotelAdidas-Stadion
  AustralienZweiflingen (Baden-Württemberg)Wald- und Schlosshotel---
  Brasilien (Virronn)Königstein (Hessen)Kempinski Hotel FalkensteinSportanlage Alt Königblick
  Brasilien (Finallronn)Bergisch Gladbach (Nordrhein-Westfalen)*Schlosshotel Lerbach---
  Costa RicaWalldorf (Baden-Württemberg)Holiday Inn Heidelberg-WalldorfDietmar-Hopp-Stadion, Sinsheim-Hoffenheim
  DäitschlandBerlinSchlosshotel GrunewaldOlympia-Gelände
  EcuadorBad Kissingen (Bayern)Bristol Hotel---
  Côte d'IvoireNiederkassel (Nordrhein-Westfalen)Klostermannshof---
  EnglandBaden-Baden (Baden-Württemberg)Schlosshotel BühlerhöheJahnstadion zu Bühl
  FrankräichAerzen (Niedersachsen)Schloßhotel MünchhausenWeserbergerland-Stadion Hameln
  GhanaWürzburg (Bayern)Hotel MaritimStadion am Dallenberg
  IranFriedrichshafen (Baden-Württemberg)Ringhotel KroneSportanlage VfB Friedrichshafen
  ItalienDuisburg (Nordrhein-Westfalen)Landhaus MilserTrainingsgelände MSV Duisburg
  JapanBonn (Nordrhein-Westfalen)Hilton HotelSportpark Nord
  KroatienBad Brückenau (Bayern)Dorint Resort & Spa---
  MexikoGöttingen (Niedersachsen)Hotel Freizeit InnJahnstadion
  HollandHinterzarten (Baden-Württemberg)Parkhotel AdlerBadenova-Stadion Freiburg
  ParaguayOberhaching (Bayern)Sportschule OberhachingSportschule
  PolenBarsinghausen (Niedersachsen)Sportschule BarsinghausenSportanlage Barsinghausen
  PortugalHarsewinkel, Ortsteil Marienfeld (Nordrhein-Westfalen)Sporthotel KlosterpforteHeidewaldstadion Gütersloh
  SaudiarabienBad Nauheim (Hessen)Hotel DolceWaldstadion Bad Nauheim
  SchwedenBremenPark-HotelWeserstadion Platz 11
  SchwäizBad Bertrich (Rheinland-Pfalz)Kurhotel FürstenhofUeßbachtal Stadion
  Serbien a MontenegroBillerbeck (Nordrhein-Westfalen)Hotel WeißenburgBenachbarte Sportplätze
  SpuenienKamen (Nordrhein-Westfalen)Sportschule KaiserauSportschule Kaiserau
  SüdkoreaBergisch Gladbach, Ortsteil Bensberg (Nordrhein-Westfalen)Grandhotel Schloss BensbergBayArena Leverkusen
  TogoWangen im Allgäu (Baden-Württemberg)Hotel WaltersbühlAllgäu Stadion Wangen
  Trinidad an TobagoRotenburg (Wümme) (Niedersachsen)Landhaus WachtelhofStadion „In der Ahe“
  TschechienWesterburg (Rheinland-Pfalz)Lindner Hotel und Sporting Club WiesenseeRasenplatz am Hotel
  TunesienSchweinfurt (Bayern)Mercure HotelWilly-Sachs-Stadion
  UkrainPotsdam (Brandenburg)Seminaris SeehotelStadion Luftschiffhafen
  USAHamburgRoyal Hyatt HotelHSV-Trainingsgelände Ochsenzoll
  FoussballschidsriichterNeu Isenburg, Ortsteil Gravenbruch (Hessen)------

*Brasilien zitt am Fall wou se Gruppen-Éischte ginn op Bergisch-Gladbach em.

Sponsoren

Déi offiziell Partner vun der FIFA fir d'Foussball-WM sinn: Anheuser-Busch, adidas, Avaya, Coca-Cola, Continental, Deutsche Telekom, Emirates, Fujifilm, Gillette, Hyundai, Mastercard, McDonald's, Philips, Toshiba anYahoo!.Donieft sinn nach iwwer 60 Milliounen Euro vun nationale Sponsoren zur Verfügung gestallt ginn.

D'Lëscht vun den Top-Goljeeër:
PlazSpilerGoler
1 Miroslav Klose5
2 Hernán Crespo3
Thierry Henry3
Lukas Podolski3
Maxi Rodríguez3
Ronaldo3
Fernando Torres3
David Villa3
Zinédine Zidane3

Um Spaweck

Commons: FIFA Fußball-Weltmeisterschaft Deutschland 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Säiten

Hannergrondinformatioun