Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bei senger Grënnung 1948 huet de Staat Israel e parlamentaresche Regierungssystem gewielt, mat engem Premierminister (hebr. ראש הממשלה, Rosch haMemschala "Ieweschte Chef vun der Regierung") un der Spëtzt vun der Regierung an engem President als Staatschef mat virun allem representative Funktiounen.
Wéi 1996 d'Direktwal vum Premierminister agefouert gouf, ass dësem seng Roll nach gestäerkt ginn, doduerch datt hie vun do un net méi vun enger Majoritéit am Parlament ofhängeg war. Well d'Direktwal sech awer net bewäert huet, ass Israel an der Tëschenzäit erëm op den ale System zeréckkomm.
(*) 1968 ass d'Mapai mat anere Parteien ënner dem Numm Ma'arach zesummegaangen, eng Formatioun, déi de Virleefer vun der Aarbechterpartei vun haut ass.
(**) Am November 2005 ass de Scharon aus dem Likud ausgetratt an huet mat anere fréiere Likud-Memberen déi nei liberal Partei Kadima gegrënnt.