Premierministere vun Israel

Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bei senger Grënnung 1948 huet de Staat Israel e parlamentaresche Regierungssystem gewielt, mat engem Premierminister (hebr. ראש הממשלה, Rosch haMemschala "Ieweschte Chef vun der Regierung") un der Spëtzt vun der Regierung an engem President als Staatschef mat virun allem representative Funktiounen.

Wéi 1996 d'Direktwal vum Premierminister agefouert gouf, ass dësem seng Roll nach gestäerkt ginn, doduerch datt hie vun do un net méi vun enger Majoritéit am Parlament ofhängeg war. Well d'Direktwal sech awer net bewäert huet, ass Israel an der Tëschenzäit erëm op den ale System zeréckkomm.

Premierministere vun Israel

Véier vun hinne ware wärend zwou Perioden, déi net direkt hannerenee louchen, a Funktioun.

NummAmtsuntrëttEnn vun der AmtszäitPartei
1David Ben Gurion19481954Mapai
2Mosche Scharet19541955Mapai
David Ben Gurion (2. Kéier)19551963Mapai
3Levi Eschkol19631969 (gestuerwen am Amt)Mapai
4Golda Meir19691974Mapai
5Jitzchak Rabin19741977Mapai
6Menachem Begin19771983Likud
7Jitzchak Schamir19831984Likud
8Schimon Peres19841986Aarbechterpartei (Israel)
Jitzchak Schamir (2. Kéier)19861992Likud
Jitzchak Rabin (2. Kéier)19921995 (am Amt ermuert)Aarbechterpartei (Israel)
Schimon Peres (2. Kéier)19951996Aarbechterpartei (Israel)
9Benjamin Netanjahu19961999Likud
10Ehud Barak19992001Aarbechterpartei (Israel)
11Ariel Scharon20012006 (wéinst schwéierer Krankheet geschäftsonfäeg deklaréiert)Likud, Kadima**
12Ehud Olmert20062009 (wéinst Korruputionsaffären zeréckgetruede ginn)Kadima
Benjamin Netanjahu (2. Kéier)20092021Likud
13Naftali Bennett20212022Yamina
14Yair Lapid20222022Yesh Atid
Benjamin Netanjahu (3. Kéier)2022Likud

(*) 1968 ass d'Mapai mat anere Parteien ënner dem Numm Ma'arach zesummegaangen, eng Formatioun, déi de Virleefer vun der Aarbechterpartei vun haut ass.

(**) Am November 2005 ass de Scharon aus dem Likud ausgetratt an huet mat anere fréiere Likud-Memberen déi nei liberal Partei Kadima gegrënnt.

Um Spaweck

Commons: Premierministere vun Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien