Adam Smith

schottesche Philosoph an Ekonomist

Den Adam Smith, gedeeft de 5. Junijul./ 16. Juni 1723greg. zu Kirkcaldy, an der Grofschaft Fife a Schottland, a gestuerwen de 17. Juli 1790 zu Edinburgh, war e schottesche Moralphilosoph, Opklärer a gëllt als de Grënner vun der klassescher Nationalekonomie.

Adam Smith
Gebuer1723
Kirkcaldy
Gestuerwen17. Juli 1790
Edinburgh
NationalitéitKinnekräich Groussbritannien
EducatiounUniverstéit vu Glasgow,
Balliol College
AktivitéitEkonomist, Saachbuchauteur, Philosoph, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Editeur
Member vunRoyal Society, Royal Society of Edinburgh
MammMargaret Douglas

Säin éischt grousst Wierk war The Theory of Moral Sentiments (1759), iwwer d'Relatioun vum Mënsch zu der Gesellschaft. 1774 huet hien ugefaangen, säi bedeitendst Wierk, ''Inquiry into the nature and causes of the wealth of nations, ze schreiwen, dat 1776 erauskoum an hat gläich e grousse Succès.

Et geet dodran ëm d'Auswierkunge vum Eegenintressi op d'Gesellschaft. De Mënsch tendéiert dozou, Handel an Tausch ze bedreiwen, a géif gär seng Liewenssituatioun verbesseren. Räichtum géif duerch mëschlech Aarbecht entstoen. De Smith beschreift dodran d'Wichtegkeet vum Deele vun der Aarbecht an der Spezialiséierung fir de Wuelstand. D'Wierk befaast sech och mat der Roll vum fräie Maart, de Froe vun der Verdeelung, dem Aussenhandel an der Roll vum Staat. Och de Begrëff "Onsiichtbar Hand" d.h. d'Auswierkung vun der Zomm vun den individuelle Bestriewungen zu engem (net bewosst gewollten) gesamtstaatlechen ekonomeschen Handelen, an och d'Regulatioun vum Maartpräis duerch d'Offer an d'Demande gëtt vum Smith beschriwwen. Hien explizéiert, datt eng fräi Konkurrenz besser ass wéi Monopoler a Karteller, well déi leschtgenannt schiedlech Auswierkungen op Präis, Produktivitéit an ekonomesch Entwécklung hätten.

Wierker

Inquiry into the nature and causes of the wealth of nations, 1922
  • The Theory of Moral Sentiments. 1759
  • Considerations Concerning the Formation of Languages and the Different Genius of original and compounded Languages. 1767
  • An Inquiry into the Nature and Causes of the Wealth of Nations. 1776
  • An Inquiry into the Nature and Causes of the Wealth of Nations. Vol. I/ Vol. II. Printed for W. Strahn; and T. Cadell, in the Strand, 1776

Literatur

  • Michael S. Aßländer: Adam Smith zur Einführung. Reihe: Zur Einführung, 341. Junius, Hamburg 2007, ISBN 978-3-88506-641-5.
  • Thomas Rommel, Helen Winter: Adam Smith für Anfänger: „Der Wohlstand der Nationen“. dtv, München 1999, ISBN 3-423-30708-0 (dtv Sachbuch / Kultur & Geschichte 30708).
  • Karl Ballestrem: Adam Smith. Reihe: Beck'sche Reihe: Denker, 561; C. H. Beck, München 2001, ISBN 3-406-45976-5.
  • Ian Simpson Ross: Adam Smith. Leben und Werk. Düsseldorf 1998, ISBN 3-87881-123-3.* P.J. O'Rourke: Adam Smith. Vom Wohlstand der Nationen. (aus der Reihe Bücher, die die Welt veränderten.) dtv, München 2008, ISBN 978-3-423-34459-3.
  • D.D. Raphael: Adam Smith. Campus, Frankfurt 1991, ISBN 3-593-34487-4.
  • Nicholas Philippson: Adam Smith. An Enlightened Life. Yale University Press, 2010, ISBN 978-0-300-16927-0.

Um Spaweck

Commons: Adam Smith – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: Adam Smith – Quellentexter