Alan M. Turing

Den Alan Mathison Turing, gebuer den 23. Juni 1912 zu London, a gestuerwen de 7. Juni 1954 war e brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker an ee vun den "Urpappe" vum Computer.

Alan M. Turing
GebuertsnummAlan Mathison Turing
Gebuer23. Juni 1912
Maida Vale
Gestuerwen7. Juni 1954
Wilmslow
DoudesursaachBlosaiervergëftung
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
EducatiounPrinceton Universitéit,
Sherborne School
AktivitéitInformatiker, Kryptograph
Member vunRoyal Society
Famill
Liewenspartner(in)Christopher Morcom
PappJulius Mathison Turing
Den Alan Turing

Den Turing gëllt haut als ee vun deenen aflossräichsten Theoreetiker vun der fréier Computerentwécklung an der Informatik. Déi vun him entwéckelt Turingmaschinn ass d'Grondlag vun der theoreetescher Informatik. Am Zweete Weltkrich huet hien d'Aarbechten dirigéiert déi zu der Entschlësselung vun den däitsche Funkspréch gefouert hunn, déi mat der Enigma-Maschinn verschlësselt goufen. De gréissten Deel vu senge wëssenschaftlechen Aarbechte sinn haut nach net verëffentlecht.

No him ass den Turing-Präis benannt, déi wichtegst Auszeechnung an der Informatik.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Alan Turing – Biller, Videoen oder Audiodateien

Déi offiziell Turing-Präis Säit