Arthur Stanley Eddington
Den Arthur Stanley Eddington, gebuer den 28. Dezember 1882 zu Kendal a gestuerwen den 22. November 1944 zu Cambridge) war e engleschen Astronom an Astrophysiker.
Arthur Stanley Eddington | |
---|---|
Gebuer | 28. Dezember 1882 |
Gestuerwen | 22. November 1944 Cambridge |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Trinity College, Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Philosoph, Physiker, Mathematiker |
Member vun | Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Society of Edinburgh, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Astronomesch Unioun, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino |
Hien huet dem Albert Einstein seng allgemeng Relativitéitstheorie ënnermauert, wéi en 1919 bei enger Sonnendäischtert iwwer der westafrikanescher Küst noweise konnt, datt d'Schwéierkraaft de Raum béit an doduerch de Wee vun de Liichtstrale sech verännert.
Wierker
- Science and the Unseen World, 1929
- Philosophy of Physical Science, 1939
Auszeechnungen
- 1914 Member vun der Royal Society
- 1924 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.
- 1928 Royal Medail vun der Royal Society
- 1928 Jules-Janssen-Präis
Um Spaweck
Commons: Arthur Stanley Eddington – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Literatur
- William McCrea: Arthur Stanley Eddington. In: Spektrum der Wissenschaft. Dezember 12/1992, S. 82–87.
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake