Asturien

autonom Regioun a Spuenien


Asturien ass eng autonom Regioun a Spuenien, déi aus enger eenzeger Provënz mam selwechten Numm besteet.D'Haaptstad ass Oviedo.

Asturien

{{{fändel_artikel}}}

{{{wopen_artikel}}}
  Land Spuenien
  HaaptstadOviedo
  Offiziell Sprooch(en) Spuenesch
  Fläch 10.603,57 km²
  Awunner 1.074.862  2007)
  Bevëlkerungsdicht 101,37 Aw. / km²
  Autonome Statut 11. Januar 1982
  Offizielle Feierdag 8. September
  President Francisco Álvarez-Cascos Fernández
 (FAC)
Lag vun Asturien a Spuenien

Lag vun Asturien a Spuenien
Lag vun Asturien a Spuenien
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Geographie

Asturie läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Süden u Kastilien-León, am Osten u Kantabrien an am Westen u Galicien.D'Regioun vun Asturien huet eng Fläch vun 10.604 km² wat 2,1 % vu ganz Spuenie sinn.

Andeelungen

Asturie besteet just aus enger eenzeger Provënz an ass a 78 Concejos agedeelt.

NummHaaptstadProvënzHaaptstad
AsturienOviedoAsturienOviedo

Geschicht

D'Provënz Asturien huet sech den 11. Januar 1982 zu enger autonomer Gemeinschaft konstituéiert.

Politik

De President vun der Regioun Asturien ass de Francisco Álvarez-Cascos Fernández (FAC). D'Parlamentaresch Vertriedung vun Asturien huet spuenesche Kongress 8 Sëtz an am Senat huet se der 6.

Demographie

2007 gëtt et 1.074.862 Awunner, dat sinn 2,38 % vun der Populatioun vu ganz Spuenien.

Sport

Vëlo

D'Vuelta a Astirias ass eng Etappecourse mam Vëlo, déi an Asturie gefuer gëtt.

Zanter 2005 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Kategorie 2.1 klasséiert.

Organisateur vun der Course ass de Vëlosveräin "Club Ciclista Aramo".

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Asturias – Biller, Videoen oder Audiodateien