Buzz Aldrin

De Buzz Aldrin, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr. den 20. Januar 1930 zu Glen Ridge am New Jersey, ass en amerikaneschen Astronaut. Hien ass beim Gemini programm a beim Apolloprogramm matgeflunn a war den 2. Mënsch um Mound.

Buzz Aldrin
GebuertsnummEdwin Eugene Aldrin
Gebuer20. Januar 1930
NationalitéitUSA
EducatiounMassachusetts Institute of Technology,
United States Military Academy,
Severn School
AktivitéitJuegdpilot, Astronaut, Autobiograph, Science-Fiction-Schrëftsteller, Ingenieur, Geschäftspersoun
ParteiRepublican Party
Member vunInternational Academy of Astronautics

Moundlandung

Véier Deeg nom Start vun der Apollo 11 de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17 UTC ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am Mare Tranquillitatis ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den Neil Armstrong aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als éischte Mënsch e Fouss op en aneren Himmelskierper gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.

Déi zwéin hunn en amerikanesche Fändel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wëssenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwer Tëlee op d'Äerd iwwerdroen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Buzz Aldrin – Biller, Videoen oder Audiodateien