Raumfuerer

E Raumfuerer (och Weltraumfuerer) ass e Member vun enger bemannter Expeditioun an de Weltraum. Den éischte Raumfuerer war am Joer 1961 de Juri Gagarin. Jee no hirer Ofstamung bezeechent een Raumfuerer och als Astronauten (USA, Westeuropa), Kosmonauten (Sowjetunioun/Russland, Osteuropa) oder Taikonauten (Volleksrepublik China). Méi rar Nimm sinn Spationauten (a Frankräich), Angkasawan (an Malaysia) an Vyomanaut oder Wiomanaut (an Indien).

NASA-Astronaut Bruce McCandless II bei engem Baussebordasaz den 11. Februar 1984

Bezeechnungen

D'Sowjetunioun an d'Vereenegt Staaten, als éischt Länner mat engem bemannte Raumfaartprogramm, hu mat mat „Kosmonaut“ (космонавт) resp. „Astronaut“ (astronaut) zwou ënnerschiddlech Bezeechnunge fir Raumfuerer etabléiert. Doraus huet sech d'Traditioun entwéckelt, de Beruff vun engem Raumfuerer no der Blockzougehéieregkeet vum Raumfaartprogramm ze benennen. Sou gëtt och den éischten däitsche Raumfuerer Sigmund Jähn aus der Däitscher Demokratescher Republik an den éischten éisträichesche Raumfuerer Franz Viehböck, déi mat sowjetesche Raumkapselen an den All geflu waren, als Kosmonaute bezeechent[1]. Dogéint nennt een d'Raumfuerer Ulf Merbold, Reinhard Furrer an Ernst Messerschmid aus der Bundesrepublik Däitschland, déi mat engem Space-Shuttle an de Weltraum geflu waren, Astronauten. Och nom Ëmschwonk sinn däitsch Raumfuerer beim elo russesche Raumfaartprogramm als Wëssenschaftskosmonaute matgeflunn. Den Astronaut Ulf Merbold gouf domat nach virum US-amerikaneschen Astronaut Norman Thagard och zum Kosmonaut.

Och haut gëtt weiderhin d'Bezeechnung Kosmonaut fir russesch Raumfuerer an Astronaut fir Raumfuerer vun der NASA gebraucht[2]. D'ESA huet den Numm Astronaut als Beruffsbezeechnung iwwerholl, wärend aner Länner mat eegenem Raumfaartprogramm och weider Bezeechnungen entwéckelt hunn.

Kosmonaut

Kosmonauteraumkostüm fir e sowjetesche Moundlande-Projet, deen ni verwierklecht gouf.

De Begrëff Kosmonaut (vu κόσμος kosmos = Weltraum + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous, resp. vum russ.: Космонавт bezeechent e sowjetesche Raumfuerer. Och am haitege Russland, de GUS-Staaten, an Deeler vu Mëttel- an Osteuropa souwéi an den neie Bundeslänner vun der Bundesrepublik Däitschland gëtt weiderhi vu Kosmonaute geschwat. De Begrëff gouf wärend der Course an de Weltraum an den 1950er Jore geformt, a mam Juri Gagarin als éischte Mënsch am Weltraum weltwäit bekannt. D'Bild vum Kosmonaut hat an der Sowjetunioun eng Bedeitung gespillt, déi iwwer den techneschen oder politesche Wäertzouwues wéi am Westen erausgoung.

Astronaut

De Begrëff Astronaut (vun ἄστρον astron = Stär + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous) leent sech un d'Wuert Aeronaut (Loftschëff) un. D'NASA hat sech den 1. Dezember 1958 entscheet fir hir Raumfuerer Astronauten ze nennen, an der Meenung, en neit Wuert geformt ze hunn, dobäi gouf dëse Begrëff schonn 1927 vum franséische Science-Fiction-Auteur J.-H. Rosny Aîné a sengem Buch Les Astronautes gebraucht.

Spationaute

De Begrëff Spationaute (vun spatiumRaum/Weltraum‘ + ναύτης nautēs ‚Séifuerer‘) ass e franséischt Konschtwuert fir Raumfuerer.

Taikonaut

De Begrëff Taikonaut ass aus zwéi Wierder zesummegesat: „Taikong“ bedeit „Weltraum“ oder „Kosmos“. Déi virdru gestallt Silb „taiko-“ ass änlech wéi „astro“ wouduerch déi dräi Wierder „Astronaut“, „Kosmonaut“ an „Taikonaut“ perfekt symmetresch sinn, souwuel an der Bedeitung wéi och an der Form. Duerch d'Ewechloosse vum Buschtaf „g“ vun „Taikong“ gëtt de Begrëff méi kuerz a méi einfach auszeschwätzen.

„Taikonaut“ ass d'Bezeechnung fir e Raumfuerer dee fir e chineesesche Raumfaartprogramm an de Weltraum flitt. China ass als drëtt Land an der Lag, Mënsche mat engem selbststänneg entwéckelte Rakéitesystem op eng Äerdëmlafbunn ze schécken.

D'Bezeechnung „Taikonaut“ gouf fir d'éischt am Mee 1998 vum Chiew Lee Yih aus Malaysia an enger Newsgroup gebraucht. Bal zur selwechter Zäit gouf et vum Chen Lan vu Shanghai gebraucht a koum iwwer seng Internetsäit „Go Taikonauts!“ eraus. „Go Taikonauts!“ war zu der deemoleger Zäit déi eenzeg zouverléisslech engleschsproocheg Informatiounsquell iwwer déi chineesesch Raumfaartustrengungen. De Chiew Lee Yih an de Chen Lan hunn de Begrëff parallel entwéckelt, wat dorop hiweist datt et warscheinlech dat Wuert ass, wat fir e chineesesche Raumfuerer am beschte passt. Duerch d'Internetsäit „Go Taikonauts!“ gouf de Begrëff vun de westleche Medien opgegraff a weider verbreet.

Op Chineesesch gëtt d'Wuert Yǔhángyuán fir Weltraumfuerer gebraucht[3]. D'chineesesch Regierung hat de 15. Oktober 2003 mat dem Raumschëff Shenzhou 5 an dem Raumfuerer Yang Liwei den éischte bemannte chineesesche Weltraumfluch gestart.

Vyomanaut

Vyomanaut gouf Ufanks 2010 fir zukënfteg indesch Raumfuerer gewielt. D'Bezeechnung ass ofgeleet aus dem Sanskrit (vun vyomagami = „eppes, wat sech um Himmel beweegt“) a griich. ναύτης nautēs = Séifuerer. Den éischten indesche Raumfluch ass fir 2015 geplangt[4].

Angkasawan

Der Begrëff Angkasawan fir Raumfuerer a gläichzäiteg de malaysesche Raumfaartprogramm leet sech vum malayseche Wuert angkasa (Weltraum) of. Déi béid malaysesch Raumfuerer Faiz Khaleed a Sheikh Muszaphar Shukor si bis elo déi zwéin eenzeg Raumfuerer mat där Bezeechnung. Si ware bei enger russescher Raumfaartmissioun dobäi. Fir se z'ënnerscheede krute si de Bäinumm Angkasawan.

Afronaut

De Mark Shuttleworth gëtt als Afronaut bezeechent.

Ausbildungsplazen

A Russland ginn d'Kosmonauten am Juri-Gagarin Kosmonautentrainingszentrum ausgebilt. Den Astronauten-Korps vun der NASA ass am Lyndon B. Johnson Space Center zu Houston stationéiert. Déi europäesch Astronaute ginn ënner anerem zu Köln am europäeschen Astronautenzentrum, enger fréierer DLR-Anlag, ausgebilt.

Berüümt Raumfuerer

De Neil Armstrong, éischte Mënsch um Äerdmound

Eng vollstänneg Lëscht vun alle Raumfuerer fënnt een op der Lëscht vu Raumfuerer, Rekordler ënner Rekorder an der bemannter Raumfaart.

  • Juri Alexejewitsch Gagarin, éischte Mënsch am Weltraum (1961)
  • Alan Shepard, (Mee 1961) éischten Amerikaner am Weltraum (ouni d'Äerd z'ëmkreesen); (1971) fënnefte Mënsch um Äerdmound
  • German Stepanowitsch Titow, zweete Sowjetbierger am Weltraum (August 1961) a bis haut jéngste Raumfuerer (war bei sengem Raumfluch 25 Joer al)
  • Walentina Wladimirowna Tereschkowa, éischt Fra am Weltraum (1963)
  • Alexei Archipowitsch Leonow, éischten Aussebordasaz (1965)
  • Wladimir Komarow, éischte Mënsch, dee bei enger Weltraummissioun gestuerwen ass (1967)
  • Neil Armstrong, (1969) éischte Mënsch um Äerdmound
  • Edwin Aldrin, (1969) zweete Mënsch um Äerdmound
  • John Glenn, (1962) éischten Amerikaner, deen d'Äerd ëmkreest hat; (1998) mat 77 Joer den eelste Mënsch am Welraum am Kader vun der STS-95 Missioun
  • Edward White, (1965), éischten Amerikaner, deen e Weltraumausstig duerchgefouert huet.
  • James Lovell, (1970) Kommandant vun Apollo 13
  • Eugene Cernan, (1972) bis haut dee leschte Mënsch, deen um Äerdmound war Apollo 17
  • Vladimír Remek, éischte Raumfuerer vun enger drëtter Natioun, als Tschech Partner vun de Sowjets (1978)
  • Sigmund Jähn, éischten Däitschen am Weltraum (1978)
  • John Young, (1981) éischte Kommandant vum Space Shuttle Columbia
  • Jean-Loup Chrétien, éischte Westeuropäer am All, als Fransous („Spationaut“) Gaascht vun der Sowjetunioun (1982)
  • Sally Ride, éischt US-Amerikanerin am All, drëtt Fra am All no zwou Sowjetbiergerinnen (1983)
  • Ulf Merbold, (1983) éischte westdäitschen Astronaut, hat zu der éischter Crew vum Spacelab gehéiert. Éischten Däitschen, dee mat den Amerikaner wéi och mat de Russen am Weltraum war.
  • Franz Viehböck, éischten Éisträichechen („Austronaut“) am Weltraum als Gaascht vun der Sowjetunioun (1991)
  • Claude Nicollier, (1992) éischte Schwäizer am Weltraum
  • Sergei Krikaljow, Start als leschte Sowjetbierger, Heemrees als éischte Bierger vu Russland (1991) am Weltraum, dréit den aktuelle Rekord mat dem am Total längsten Openthalt am Weltraum.
  • Waleri Poljakow, längsten Openthalt am All respeltiv op enger Raumstatioun (1994/95)
  • Thomas Reiter, däitsche Raumfuerer mat dem längsten Openthalt am All (Mir (1995/96) an ISS (2006))
  • Eileen Collins, (1999) éischt Space-Shuttle-Kommandantin
  • Dennis Tito, éischte Weltraumtourist (2001)
  • Yang Liwei, chineesesche Staatsbierger an éischten Taikonaut am Weltraum (2003)
  • Michael Melvill, (2004) éischten Astronaut, dee mat engem netstaatleche Raumschëff de Weltraum erreecht huet (suborbitale Fluch).
  • Anousheh Ansari, éischte weibleche Weltraumtourist (2006)
  • Liu Yang, éischt chineesesch Taikonautin (2012)

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Wiktionnaire: Taikonaut Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen