Capricornus (Stärebild)

De Capricornus (laténgesch) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Date vum Stärebild Capricornus
Lëtzebuergeschen NummSteebock
Laténgeschen NummCapricornus
Laténgesche GeenitivCapricorni
Lat. OfkierzungCap
LagEkliptik
Rektaszensioun20h 7m bis 21h 59m
Deklinatioun-8° 25´ bis -27° 35´
Fläch414 Quadratgrad
Siichtbar op Breetegraden62° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer, Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
δ Cap (Deneb Algedi)

2,8 bis 3,1 m

MeteorstréimAlpha-Capricorniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Aquila

Sagittarius
Microscopium
Piscis Austrinus
Aquarius

Kaart vum Stärebild Capricornus
Kaart vum Stärebild Capricornus

Beschreiwung

De Capricornus (Steebock) ass e wéineg opfällegt Stärebild tëscht dem Aquarius an dem Sagittarius. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi 3. Gréissteklass (kuckt: Visuell Magnitude).

An eise Breete steet et am Summer an am Hierscht déif iwwer dem Horizont.

Geschicht

De Capricornus (Steebock) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der anticker griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

D'Stärebild gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik doduerch leeft. D'Sonn steet all Joer vum 20. Januar bis de 16. Februar am Steebock.

An der Antiquitéit huet d'Sonn op dem déifste Punkt vun hirer Bunn duerch de Steebock gaangen an huet Wantersonnewenn markéiert. D'geographesch Breet vun 23° 26´ Süd gëtt haut nach Wendekrees vum Steebock genannt, well op dësem Breetegrad d'Sonn zu der Wantersonnewend um Zenit steet. Effektiv huet sech den déifste Punkt vun der Sonnebunn opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs an d'Stärebild Sagittarius verréckelt.

Den 23. September 1846 huet de Johann Gottfried Galle den néngte Planéit Neptun no beim Stär δ Capricorni (Deneb Algedi) am Capricornus entdeckt.

Meteorstréim

De Radiant vum Meteorstroum vun den Alpha-Capricorniden ass am Capricornus. De Meteorstroum ka vum 15. Juli bis den 11. September observéiert ginn, woubäi de Maximum vu 6 bis 14 Meteore pro Stonn tëscht dem 1. an dem 2. August optrëtt.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm an aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
δ40Deneb Algedi, Scheddi2,73 bis 2,93m39A5 IV
β9Dabih Major, Sadalzabih3,05m150K
α26Algiedi Secunda, Secunda Gedi3,56m120
γ40Nashira3,68m139F0
ζ343,77m
θ234,08m
ν8Alshat4,10m
ω184,12m
ψ164,13m
α15Algiedi Prima, Prima Gedi4,24m1500G3 Ib
ι324,28m
A214,49m
b364,50m
ε39Kastra4,51m
κ434,72m
σ74,77m
η22Arm4,82m
π10Okul5,08m
μ515,08m
c465,10m
υ155,15m
φ285,17m
τ145,24m
σ95,28m
χ255,30m
λ485,57m
ξ25,84m
β2Dabih Minor6,09m

De Stär γ Capricorni ass 139 Liichtjoer vun eis ewech an huet d'Spektralklass F0. Den Numm Nashira staamt aus dem arabeschen a bedeit „Iwwerbrénger vu gudden Noriichten“. Well de Stär zimmlech no bei der Ekliptik läit gëtt hie munnechmol vum Mound oder vu Planéite bedeckt.

Duebelstären

ObjetGréisstenOfstand
β3,05m/6,09m205"
α23,56m/11m7"
α14,24m/9m45"
ρ4,8m/6,6m257"
π5,2m/8,5m3,2"
σ5,5m/9,0m55"
ο5,9m/6,7m21,9"

De Capricornus huet eng Rei vun Duebelstäresystemer, déi scho mat klengen Teleskopen an Eenzelstären opgeléist kënne ginn.

Den zweethellste Stär am Steebock, β Capricorni (Dabih, arabesch „Schluechter“), besteet aus zwéi Stäre vun der Spektralklass F8 an A0. D'System läit op enger Distanz vun 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Wéinst dem grousse Wénkelofstand kënnen d'Stäre gutt mam Teleskop ënnerscheet ginn.

Den α Capricorni (Algiedi, arabesch „Geessebock“) gesäit e scho mat bloussem A blo als Duebelstär. D'Stäre α1 an α2 sinn allerdéngs net physikalesch unenee gebonnen, mä stinn nëmme vun der Äerd ausgesinn, an enger Richtung. Et handelt sech sou ëm en „opteschen“ Duebelstär. Déi béid Stäre sinn allerdéngs och „echt“ Duebelstären.

Dee méi Hellen α2 ass 120 Liichtjoer ewech an huet e Begleeder vun der 11. Gréissteklass.

D'System α1 ass mat 1.500 Liichtjoer méi wäit ewech.

De ρ Cap ass 100 Liichtjoer ewech a besteet aus engem wäisse Stär vun der Spektralklass F2 an engem roudelzege Begleeder vun der Klass K1.

Verännerlech Stären

ObjetGréisstPeriodTyp
δ2,73m bis 2,93m1,02277 DeegBedeckungsverännerleche Stär

De δ Capricorni ass e Bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol, deem seng Hellegkeet all 24,5 Stonnen ëm 0,2 m ofhëlt. Dësen Hellegkeetsoffall gëtt duerch e liichtschwaache Begleetstär ausgeléist. Am Maximum ass den δ Cap den hellste Stär am Steebock.

Den arabeschen Numm ass Deneb Algedi a bedeit „Schwanz vum Geessebock“.

Messier- an NGC-Objete

Messier (M)NGCanerGréisstTypNumm
3070997,3mKugelstärekoup

Am Capricornus ass e Kugelstärekoup, deen de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) agedroen huet.

De M 30 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu ronn 40.000 Liichtjoer.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Capricornus – Biller, Videoen oder Audiodateien