Fändel vum Afghanistan
Dëse Geographiesartikel iwwer Afghanistan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fändel vum Afghanistan besteet aus dräi d'selwecht grousse vertikale Sträifen: lénks schwaarz, an der Mëtt rout a riets gréng. An der Mëtt vum Fändel ass den historesche Wope vum Afghanistan duergestallt: eng Moschee, där hire Mihrab op Mekka weist.
Historesch Fändelen
Virum 20. Joerhonnert hat den Afghanistan e Fändel, dee just schwaarz war. An der Zäit vun der Monarchie hat d'Land eng Rëtsch Fändelen, déi deem vun haut geglach hunn. Nodeems d'Monarchie 1973 gestierzt gouf, krut d'Land en neie Fändel, grad sou wéi 1974 an am Abrëll 1978. Vun Oktober 1978 u stoung d'Land ënner kommunisteschem Regime a krut e Fändel deen deem vun der Sowjetunioun geglach huet. 1980 gouf dësen duerch een, deen horizontal rout, gréng a schwaarz gesträift war, mat lénks uewen dem Wope vun de kommunisteschen Hären, ersat. 1987 goufen déi hirersäits gestierzt, sou datt en neie Wopen an de Fändel gesat gouf.
Tëscht 1992 an 1996 ware Milizen aus Nord-Afghanistan un der Muecht, an de Fändel krut noeneen e puer Varianten an de Faarwe gréng-wäiss-schwaarz gesträift. 1996 koumen d'Taliban un d'Muecht, wou et alt nees verschidde Fändelvariante gouf. 2001 goufen d'Taliban an der Militäroperatioun Enduring Freedom entmuecht, an den neie Regimm huet am Januar 2004 deen Design vum Fändel festgeluecht wéi en haut nach gëllt.
Den Afghanistan ass dat Land, dat am 20. Joerhonnert säi Fändel am dackste gewiesselt huet.[1]
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Flags of Afghanistan – Biller, Videoen oder Audiodateien |