Franséisch Foussballnationalekipp

Frankräich
Spëtznumm:Équipe Tricolore,
Les Bleus,
Les Tricolores
Federatioun:FFF
Trainer:Didier Deschamps
Meescht Matcher:Lilian Thuram (142)
Meescht Goler:Thierry Henry (51)
Stadion:Stade de France
Historesch Matcher
Éischte Match:Frankräich - Belsch: 3-3
1. Mee 1904, Bréissel
Héchst Victoire:Frankräich - Aserbaidjan: 10-0
6. September 1995, Auxerre
Héchst Nidderlag:Dänemark - Frankräich: 17-1
22. Oktober 1908, London
Weltmeeschterschaft
Participatioun:16 x (fir d'éischt 1930)
Bescht Resultat:Weltmeeschter 1998, 2018
Europameeschterschaft
Participatioun:9 x (fir d'éischt 1960)
Bescht Resultat:Europameeschter 1984 an 2000
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'Franséisch Foussballnationalekipp vun de Männer, déi sougenannt Équipe Tricolore (nom franséische Fändel) oder kuerz Les Bleus wéinst den traditionell bloen Trikoten, ass eng vun deenen erfollegräichsten Nationalekippen am Foussball. Frankräich huet zweemol d'Foussball-Weltmeeschterschaft an zweemol d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen.

An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Franséisch Nationalekipp op der 2. Plaz (Stand: 21. Dezember 2023).

Geschicht

De franséische Foussballdaachverband ass zanter 1919 d'Fédération Française de Football (FFF) a war 1954 ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA. Frankräich huet och fir d'éischt scho ganz fréi eng Weltmeeschterschaft ausgeriicht, nämlech d'WM 1938.

En éischte groussen internationalen Titel huet d'franséisch Nationalekipp allerdéngs eréischt an den 80er Jore gewonnen: Ënner der Féierung vum Michel Platini gouf d'Ekipp Tricolore op der EM 1984 am eegene Land Europameeschter, an ass op der WM 1982 a Spuenien an op der WM 1986 a Mexiko all Kéier d'Halleffinall komm. Nodeem de Kär vun dëse béiden Teams hir Carrière ofgeschloss hat, gouf et zunächst mol keen Erfolleg méi, a si hu béid Weltmeeschterschafts-Qualifikatiounen 1990 an 1994 verpasst.

Bei der WM 1998 am eegene Land gouf d'Ekipp Weltmeeschter. Als beschte Spiller vun dëser Zäit waren de Golkipp Fabien Barthez, Ofwierspiller a Kapitän Laurent Blanc souwéi den onverkennbare Regisseur Zinedine Zidane. An der Finall huet Frankräich déi favoriséiert brasilianesch Eelef mat 3:0 geschloen.

Frankräich huet säin Erfolleg dunn zwee Joer méi spéit confirméiere kënnen. Bei der EM 2000 an Holland an an der Belsch, hu si géint d'Italieenesch Foussballnationalekipp an der Finall mat 2:1 no Golden Goal gewonnen a sech den Titel geholl.

Participatioune un internationalen Turnéier

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Foussball-Europameeschterschaft (sechsmol)

  • 1. EM 1960 a Frankräich / 4. Plaz
  • 7. EM 1984 a Frankräich / Europameeschter
  • 9. EM 1992 a Schweden / Virronn
  • 10. EM 1996 an England / Halleffinall
  • 11. EM 2000 an der Belsch an Holland / Europameeschter
  • 12. EM 2004 a Portugal / Véirelsfinall

Foussball-Weltmeeschterschaft

1930 an UruguayVirronn
1934 an ItalienAachtelfinall
1938 a FrankräichVéirelsfinall
1950 a Brasilienop d'Ennronn verzicht
1954 an der SchwäizVirronn
1958 a Schweden3. Plaz
1962 am Chilenet qualifizéiert
1966 an EnglandVirronn
1970 a Mexikonet qualifizéiert
1974 an Däitschlandnet qualifizéiert
1978 an ArgentinienVirronn
1982 a Spuenien4. Plaz
1986 a Mexiko3. Plaz
1990 an Italiennet qualifizéiert
1994 an den USAnet qualifizéiert
1998 a FrankräichWeltmeeschter
2002 a Südkorea/JapanVirronn
2006 an Däitschland2. Plaz
2010 a SüdafrikaVirronn

Auszeechnungen/Titel

  • WM (1) - 1998
  • EM (2) - 1984, 2000
  • Foussball-Olympiagewënner (1) - 1984
  • Konföderatiounen-Pokal (2) - 2001, 2003

Aktuelle Kader

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Gol:

  • Fabien Barthez (Olympique Marseille)
  • Grégory Coupet (Olympique Lyon)
  • Mickaël Landreau (FC Nantes)

Ofwier:

Mëttelfeld:

  • Alou Diarra (RC Lens)
  • Vikash Dhorasoo (Paris Saint-Germain)
  • Ludovic Giuly (FC Barcelona)
  • Sidney Govou (Olympique Lyon)
  • Claude Makélélé (Chelsea London)
  • Florent Malouda (Olympique Lyon)
  • Jérôme Rothen (Paris Saint-Germain)
  • Patrick Vieira (Juventus Turin)
  • Zinédine Zidane (Real Madrid)

Ugrëff:

Nationaltrainer

Vun 1904 (1. offizielle Lännermatch) bis 1919 (Grënnung vum Daachverband FFF) gouf d'Nationalekipp vum Comité Français Interfédéral opgestallt. Gemeinsamen Training vun den Nationalspiller an domat d'Plaz vun engem Nationaltrainer waren zu där Zäit net nëmmen a Frankräich onbekannt. Vun 1919 bis 1964 gouf et zwar zäitweis Nationaltrainer am haitege Sënn, awer de Spill-Kader gouf fir all Lännermatch vun engem Selektiounskommitee vun der FFF festgeluecht, dee sech aus zwéin oder dräi "Techneschen Direkteren" zesummegesat huet an zu deenen zanter 1955 reegelméisseg och den eigentlechen Trainer gehéiert huet. Dowéinst gëtt den Nationaltrainer a Frankräich haut och nach als Selectionneur bezeechent.

Lëscht vun den Trainer

A Klameren hanner dem Numm ass ëmmer d'Zuel vun den offizielle Lännermatcher wärend senger Amtszäit uginn.

  • 17. Mäerz 1955 - 5. Mai 1962: Albert Batteux (56)
  • Oktober 1960 - Juli 1964 (ufanks mam Batteux): Georges Verriest (25)
  • 12. Juli 1964 - 3. September 1966: Henri Guérin (15)
  • 3. September 1966 - 20. Januar 1967: Jean Snella und José Arribas (4)
  • 22. Mäerz 1967 - 3. Juni 1967: Just Fontaine (2)
  • 17. September 1967 - 6. November 1968: Louis Dugauguez (9)
  • 2. Mäerz 1969 - 26. Mee 1973: Georges Boulogne (31)
  • 8. September 1973 - 15. November 1975: Stefan Kovacs (15)
  • 1. Januar 1976 - 27. Juni 1984: Michel Hidalgo (75)
  • 30. Juni 1984 - 22. Oktober 1988: Henri Michel (36)
  • 3. November 1988 - 2. Juli 1992: Michel Platini (29)
  • 9. Juli 1992 - 25. November 1993: Gérard Houllier (12)
  • 17. Dezember 1993 - 27. Juli 1998: Aimé Jacquet (53)
  • 27. Juli 1998 - 5. Juli 2002: Roger Lemerre (53)
  • 17. Juli 2002 - 30. Juni 2004: Jacques Santini (28)
  • 12. Juli 2004 - 22. Juli 2010: Raymond Domenech (79)
  • 1. Juli 2010 - 30. Juni 2012: Laurent Blanc (27)
  • zanter dem 9. Juli 2012: Didier Deschamps (138)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Franséisch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien