Frederick Sanger

brittesche Cheemiker


De Frederick Sanger OM, CH, CBE, gebuer den 13. August 1918 zu Rendcomb, Gloucestershire a gestuerwen den 19. November 2013 zu Cambridge, Cambridgeshire) war e brittesche Biocheemiker.

Frederick Sanger
Gebuer13. August 1918
Rendcomb
Gestuerwen19. November 2013
Cambridge
NationalitéitVereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
EducatiounUniversitéit vu Cambridge,
St John's College
AktivitéitBiochimist, Chimist, Universitéitsprofesser
Member vunRoyal Society, National Academy of Sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization, Australesch Wëssenschaftsakademie, King’s College London, St John's College

Hien ass ee vun deene wéinegen, déi zweemol den Nobelpräis kritt hunn: 1958 krut en den Nobelpräis fir Chimie fir d'Opklärung vun der Struktur vum Insulin a seng Aarbechten iwwer d'Proteinsequenzéierung. 1980 krut en de Präis eng zweet Kéier (zesumme mam Paul Berg a mam Walter Gilbert), fir d'Analysen iwwer d'Ermëttlung vun der Basesequenz an den Nukleinsaieren[1].

Literatur

Iwwer d'Proteinsequenzéierung

  • F. Sanger: The Free Amino Groups of Insulin. In: Biochemical Journal. Band 39, Nr. 5, 1945, S. 507–515; PMID 16747948.* F. Sanger: The terminal peptides of insulin. In: Biochemical Journal. Band 45, 1949, S. 563–574; PMID 15396627;
  • A. P. Ryle, F. Sanger, R. Kitai: The disulphide bonds of insulin. In: Biochemical Journal. Band 60, 1955, S. 541–556; PMID 13249947.

Iwwer d'DNA-Sequenzéierung

  • F. Sanger, S. Nicklen, A. R. Coulson: DNA sequencing with chain-terminating inhibitors. In: Proceedings of the National Academy of Sciences. Band 74, 1977, S. 5463–5467; PMID 271968.
  • F. Sanger, G. M. Air, B. G. Barrell, N. L. Brown, A. R. Coulson, C. A. Fiddes, C. A. Hutchison, P. M. Slocombe, M. Smith: Nucleotide sequence of bacteriophage phi X174 DNA. In: Nature. Band 265, 1977, S. 687–695; PMID 870828.

Autobiographie, Iwwersiichtsartikelen

  • F. Sanger: Sequences, sequences, and sequences. In: Annual Review of Biochemistry. Band 57, 1988, S. 1–28; PMID 2460023.
  • F. Sanger: The early days of DNA sequences. In: Nature Medicine. Band 7, 2001, S. 267–268.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Frederick Sanger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen