Mier

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Mier ass e salzegt Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70  % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.

Vue op d'Schwaarzt Mier wärend engem Sonnenënnergank, bei Georgien (ca. 1915)

Déi gréisst Mierer ginn och Ozean genannt.

Salzgehalt vum Mierwaasser

D'Mierwaasser ass salzeg, well Mineraler dra sinn, déi am Laf vu Joermillioune vun de Flëss an d'Mier transportéiert goufen. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z. B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5  %.

De Buedem vum Mier

De Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss si wéi déi op der Landuewerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus a gëtt fest. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch déi Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d'Vulkaner, déi iwwer den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zeréck am Mier. Déi bis ënner de Mieresspigel ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger.

Déi verschidde Mierer

Et ënnerscheet ee follgend Ozeaner:

an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:

Déi fënnef gréisst Mierer

Numm vum MierLagFläch

(km²)

Volumen

(km³)

Duerschnëttlech

Déift (m)

Küst

(km)

PazifikTëscht Asien an Australasien an Amerika000000168723000.0000000000168.723.000
(46,6 %)
000000669880000.0000000000669.880.000
(50,1 %)
000000000003970.00000000003.970000000000135663.0000000000135.663
(35,9 %)
AtlantikTëscht Amerika, Europa an Afrika000000085133000.000000000085.133.000
(23,5 %)
000000310410900.0000000000310.410.900
(23,3 %)
000000000003646.00000000003.646000000000111866.0000000000111.866
(29,6 %)
Indeschen OzeanTëscht dem südlechen Asien, Afrika an Australien000000070560000.000000000070.560.000
(19,5 %)
000000264000000.0000000000264.000.000
(19,8 %)
000000000003741.00000000003.741000000000066526.000000000066.526
(17,6 %)
Antarkteschen OzeanTëscht der Antarktis an dem Pazifeschen, Atlanteschen an Indeschen Ozean

gëtt heiansdo als Ausdeenung vun dësen dräi Ozeanen ugesinn

000000021960000.000000000021.960.000
(6,1 %)
000000071800000.000000000071.800.000
(5,4 %)
000000000003270.00000000003.270000000000017968.000000000017.968
(4,8 %)
Arkteschen OzeanAn der Arktis, tëscht dem nërdlechen Nordamerika an Eurasien

gëtt heiansdo als e Randmier vum Atlantik ugesinn

000000015558000.000000000015.558.000
(4,3 %)
000000018750000.000000000018.750.000
(1,4 %)
000000000001205.00000000001.205000000000045389.000000000045.389
(12,0 %)
Total000000361900000.0000000000361.900.000
(100 %)
000001335000000.00000000001.335.000.000
(100 %)
000000000003688.00000000003.688000000000377412.0000000000377.412
(100 %)

Um Spaweck

Commons: Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien