Nataša Pirc Musar

D'Nataša Pirc Musar, gebuer den 9. Mee 1968 zu Ljubljana, ass eng sloweenesch Journalistin, Affekotin a Politikerin. Bei de Presidentschaftswale vum 13. November 2022 krut si déi meescht Stëmmen, soudatt si den 23. Dezember 2022 als éischt Fra déi Fonctioun untrëtt.

Nataša Pirc Musar
GebuertsnummNataša Pirc
Gebuer9. Mee 1968
Ljubljana
NationalitéitSlowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
EducatiounUniversitéit vu Ljubljana,
Universitéit Wien
AktivitéitJournalist, Jurist, Politiker
ParteiOnofhängeg

Liewen

D'Pirc Musar huet 1992 hiren Droits-Studium op der Universitéit Ljubljana ofgeschloss an den Affekotenexamen gemaach. Si gouf awer fir d'éischt Journalistin bei der Radiotelevizija Slovenija a Presentatrice vun der Noriichtenemissioun Dnevnik. Méi spéit ass si bei d'Chaîne Pop TV gewiesselt.

Am Abrëll 2003 gouf si Direktesch vum Zentrum fir Bildung an Informatioun vum Ieweschte Geriichtshaff vu Slowenien. Vun 2012 bis 2014 war si Presidentin vun der gemeinsamer Kontrollinstanz vun Europol. 2016 huet si hiren eegenen Affekotecabinet Pirc Musar & Lemut Strle gegrënnt. 2015 huet s'op der Droitsfakultéiert vun der Universitéit Wien promovéiert a gouf am selwechte Joer Presidentin vum Sloweenesche Roude Kräiz.

Si huet e puer Bicher zum Theema Informatiounsfräiheet geschriwwen.[1],[2]

Am Summer huet si hir Kandidatur fir d'Staatspresidentewalen 2022 bekannt gemaach. Den 13. November 2022 krut si am Ballotage mam Anže Logar 53,9 % vun de Stëmmen.[3]

Um Spaweck

Commons: Nataša Pirc Musar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen