Olympesch Summerspiller 2016

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 2016 (offiziell Spiller vun der XXXI. Olympiad) goufe vum 5. bis den 21. August 2016 zu Rio de Janeiro a Brasilien ausgedroen. Et war dëst fir d'éischt Kéier a Südamerika, an – no Mexiko-Stad 1968 – déi zweet a Latäinamerika.

Spiller vun der XXXI. Olympiad
Olympesch Summerspiller
MaskottchenVinicius an Tom
LandBrasilien
StadRio de Janeiro
StadionMaracanã
Ufanksdatum5. August 2016
Schlussdatum21. August 2016
opgemaach vum/vun derMichel Temer
Olympeschen EedRobert Scheidt
Olympesch FakelVanderlei de Lima
Kompetitiounen306 an 28 Sportaarten
Ekippen207
Athleeten11.238
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 2012
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 2020
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/rio-2016

Am Ganzen hunn 207 Ekippe matgemaach, mat 11.238 Athleeten. Et gouf 306 Kompetitiounen an 28 Sportaarten.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Rio de Janeiro a fënnef Sportaarte mat am Ganzen zéng Athleete vertrueden, jee fënnef Fraen a Männer. Lëtzebuerg gehéiert zu den Natiounen, déi bei dëse Spiller keng Medaile gewonnen hunn.

Zënter 1900 war et déi 24. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändeldréier

Den Tennisspiller Gilles Müller huet de Fändel vu Lëtzebuerg bei der Erëffnungszeremonie gedroen.

Participante pro Sportaart

Liichtathleetik

Lafen a Goen

AthleetenKompetitiounRonn 1HalleffinallFinallRang
ZäitRangZäitRangZäitRang
Dammen
Charline Mathias800 m2:09,30 min58ausgescheet58
Männer
Charles Grethen800 m1:48,93 min38ausgescheet38

Cyclissem

Strooss

AthleetenKompetitiounZäitRang
Dammen
Chantal HoffmannStroossecoursenet fäerdeg gemaach
Christine MajerusStroossecourse3:56:34 h18
Christine MajerusEenzelzäitfueren48:16,17 min22
Männer
Fränk SchleckStroossecourse6:13:36 h20

Schwammen

AthleetenKompetitiounVirlafHalleffinallFinallRang
ZäitRangZäitRangZäitRang
Dammen
Julie Meynen50 m Freestyle25,12 s26ausgescheet26
Julie Meynen100 m Freestyle55,0925ausgescheet25
Männer
Laurent Carnol100 m Brasse1:00,88 min27ausgescheet27
Laurent Carnol200 m Brasse2:11,94 min21ausgescheet21
Raphaël Stacchiotti100 m Freestyle50,79 s47ausgescheet47
Raphaël Stacchiotti200 m 4-nages2:00,21 min21ausgescheet21
Raphaël Stacchiotti400 m 4-nages4:20,37 min23ausgescheet23

Tennis

AthleetenKompetitioun1. Ronn2. RonnAachtelsfinallVéierelsfinallHalleffinallFinall
GéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultat
Männer
Gilles MüllerEenzelJerzy Janowicz

Polen

5:7, 6:1, 7:610Jo-Wilfried Tsonga

Frankräich

6:4, 6:3Roberto Bautista Agut

Spuenien

4:6, 6:74ausgescheet

Dëschtennis

AthleetenKompetitioun1. Ronn2. Ronn3. RonnAachtelsfinallVéierelsfinallHalleffinallFinallRang
GéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultatGéignerResultat
Dammen
Ni XialianEenzelCaroline Kumahara

Brasilien

4:3Shen Yanfei

Spuenien

4:3Feng Tianwei

Singapur

2:4ausgescheet

Top 10-Medailespigel

Déi 10 Länner, déi déi meescht Medaile gewonnen hunn, waren:

PlazLandGSBAm Ganzen
1  USA463738121
2 Vereenegt Kinnekräich27231767
3 China26182670
4 Russland19181956
5 Däitschland17101542
6 Japan1282141
7 Frankräich10181442
8 Südkorea93921
9 Italien812828
10 Australien8111029

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: 2016 Summer Olympics – Biller, Videoen oder Audiodateien