Olympesch Summerspiller 1968

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1968, offiziell Spiller vun der XIX. Olympiad, goufe vum 12. bis de 27. Oktober 1968 zu Mexiko-Stad a Mexiko organiséiert.

  • Op de Summerspiller 1968 waren déi zwéin däitsch Staaten (BRD an DDR) fir d'éischt mat getrennten Ekippe vertrueden.
  • Nodeems 40 afrikanesch Staate gedreet haten, d'Spiller ze boykottéieren, goufe Südafrika a Rhodesien (haut Simbabwe) vun de Spiller ausgeschloss.
  • 1968 goufe fir d'éischt Dopingtester gemaaach.
  • De Judo war net méi um olympesche Programm derbäi.
  • Bei Studentenonroue géint d'Olympesch Spiller zéng Deeg virun der Ouverture, si beim Massaker vun Tlatelolco tëscht 200 an 300 Studenten ëmkomm.
Spiller vun der XIX. Olympiad
Olympesch Summerspiller
LandMexiko
StadMexiko-Stad
Ufanksdatum12. Oktober 1968
Schlussdatum27. Oktober 1968
opgemaach vum/vun derGustavo Díaz Ordaz
Olympeschen EedPablo Garrido
Olympesch FakelEnriqueta Basilio
Kompetitiounen172 an 18 Sportaarten
Ekippen112
Athleeten5.516
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 1964
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 1972
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/mexico-city-1968

Participanten

Et hunn 112 Natioune mat am Ganze 5.516 Olympioniken (781 Fraen a 4.735 Männer) bei 172 Kompetitiounen a 18 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Mexiko-Stadt mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 12. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Participante pro Sportaart

Fechten
Liichtathleetik
Cyclissem
Schéissen
Schwammen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Summerspiller 1968 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten