Rheinland-Pfalz
D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF respektiv RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).
Rheinland-Pfalz | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Däitsch | ||||
Haaptstad: | Mainz | ||||
• Awunner: | 217 123 | ||||
Staatsform: | Parlamentaresch Republik (semi-souverän) | ||||
• Ministerpresidentin: | Malu Dreyer (SPD) | ||||
Fläch: | 19 854,21 km² | ||||
Bevëlkerung: | 4 098 391 | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 206/km² | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .de | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +49 | ||||
D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.
Wopen a Symboler
De Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Äerzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domat un d'Kurfürstentümer Tréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.
Am ieweschte rietsen Drëttel ass dat zanter 1273 attestéiert Symbol vum Äerzbistum Tréier, d'rout Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénksen ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Äerzbistum Mainz, wat och zanter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëllene Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass op de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zeréckzeféieren. Iwwer dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebitt.
Geographie
D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlechen Deel vun der Äifel, den Honsréck, de westleche Westerwald an den nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südleche Beräich d'Rhäinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Honsréck. Kuckt heizou och Bierger a Rheinland-Pfalz.
Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhäin, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg.
Administratioun
Landkreesser
Kuckt dozou och d'Lëscht vun de Landkreesser an Däitschland
A Rheinland-Pfalz gëtt et 24 Landkreesser:
- Ahrweiler (AW)
- Altenkirchen (AK)
- Alzey-Worms (AZ)
- Bad Dürkheim (DÜW)
- Bad Kreuznach (KH)
- Bernkastel-Wittlich (WIL)
- Birkenfeld (BIR)
- Cochem-Zell (COC)
- Donnersbergkrees (KIB)
- Äifelkrees Bitburg-Prüm (BIT)
- Germersheim (GER)
- Kaiserslautern (KL)
- Kusel (KUS)
- Mainz-Bingen (MZ)
- Mayen-Koblenz (MYK)
- Neuwied (NR)
- Rhein-Hunsrück-Krees (SIM)
- Rhein-Lahn-Krees (EMS)
- Rhein-Pfalz-Krees (RP)
- Südlech Wäistrooss (SÜW)
- Südwestpfalz (PS)
- Tréier-Saarburg (TR)
- Landkrees Vulkanäifel (DAU)
- Westerwaldkrees (WW)
Kreesfräi Stied
Kuckt dozou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.
Regiounen
Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:
Kuckeswäertes
Bauwierker a Kierchen
Uertschaft | Kuckeswäertes |
---|---|
Andernach |
|
Bingen um Rhäin |
|
Bad Kreuznach |
|
Idar-Oberstein |
|
Koblenz |
|
Mainz |
|
Rhens |
|
Remagen |
|
Sankt Goarshausen |
|
Schifferstadt |
|
Speyer |
|
Tréier | |
Worms |
|
Vulkaneifel |
|
UNESCO Weltierwen
- 1981 - K - Doum zu Speyer
- 1986 - K - Dat réimescht Tréier (dorënner och d'Igeler Sail), den Doum St. Peter an d'Léiffraekierch
- 2002 - K - Kulturlandschaft Mëttelse Rhäin tëscht Koblenz a Bingen
- 2005 - K - De 550 km laange Uewergermanesche-Rätesche Limes tëscht Rheinbrohl a Eining
Buergen a Schlässer
Numm | Aart/Zoustand | Uertschaft/Lag |
---|---|---|
Buerg Arras | Buerg | Alf |
Al Buerg | Buerg | Boppard |
Al Buerg | Buerg | Koblenz |
Räichsbuerg Cochem | Buerg | Cochem |
Dahner Buergegrupp | Buregruinen | Dahn |
Festung Ehrenbreitstein | Festung | Koblenz |
Ehrenburg | Buerg | Brodenbach |
Buerg Eltz | Buerg | Münstermaifeld |
Buergruin Birkenfeld (Stammbuerg vun de Wittelsbacher) | Buergruin | Birkenfeld |
Feste Kaiser Franz | Festung | Koblenz |
Buerg Falkenstein | Burgruin | Falkenstein |
Fraebuerg | Burgruin | Frauenberg |
Hambacher Schlass | Schlass | Neustadt op der Wäistrooss |
Buerg Hohenfels | Burgruin | Imsbach |
Buerg a Schlass Idar-Oberstein | Buerg, Schlass | Idar-Oberstein |
Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Koblenz |
Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Mainz |
Buerg Lahneck | Buerg | Lahnstein |
Landskron | Buergruin | Oppenheim |
Liebenstein | Buerg | Kamp-Bornhofen |
Buerg Altleiningen | Buerg | Altleiningen |
Marksbuerg | Buerg | Braubach |
Buerg Nassau | Buerg | Nassau |
Nürburg | Buerg | Nürburg |
Buerg Olbrück | Buerg | Niederdürenbach |
Buerg Pfalzgrafenstein | Buerg | matzen am Rhäin bei Kaub |
Schlass Philippsburg | zerstéiert | Koblenz |
Buerg Reichenstein | Buerg | Trechtingshausen |
Buerg Rheinfels | Buergruin | Sankt Goar |
Rheinstein | Buerg | Trechtingshausen |
Schlass und Buerg Sayn | Schlass, Buerg | Bendorf |
Schlass Bürresheim | Schlass, Buerg | Sankt Johann (Mayen) |
Schlass Stolzenfels | Schlass | Koblenz |
Schmidtburg | Burgruin | Schneppenbach |
Schönburg | Buerg | Oberwesel |
Buerg Sooneck | Buerg | Niederheimbach |
Buerg Stahleck | Buerg | Bacharach |
Räichsbuerg Trifels | Buerg | Annweiler am Trifels |
Schlass Montabaur | Schlass | Montabaur |
Buerg Thurant | Buerg | Alken |
Zitadell vu Mainz | Festung | Mainz |
Politik
D'Ministerpresidenten zanter dem 13. Juni 1947:
- 13. Juni 1947 – 9. Juli 1947: Dr. Wilhelm Boden, CDU
- 1947 – 1969: Dr. h.c. Peter Altmeier, CDU
- 1969 – 1976: Dr. phil. Dr. h. c. mult. Helmut Kohl, CDU
- 1976 – 1988: Dr. phil. Bernhard Vogel, CDU
- 1988 – 1991: Dr. Carl-Ludwig Wagner, CDU
- 1991 – 1994: Rudolf Scharping, SPD
- 1994 – 2013: Kurt Beck, SPD
- 2013 – haut: Malu Dreyer, SPD
Um Spaweck
Commons: Rhineland-Palatinate – Biller, Videoen oder Audiodateien |