Shirley Temple

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Shirley Temple, gebuer den 23. Abrëll 1928 zu Santa Monica a Kalifornien a gestuerwen den 10. Februar 2014 zu Woodside (Kalifornien), war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin. Besonnesch an den 1930er an 1940er Joren hat si als Kannerstar an Dosende vu Filmer e gelleche Succès.

Shirley Temple
D'Shirley Temple an de William Lyon Mackenzie King, den 21. Oktober 1944.
Gebuer23. Abrëll 1928
Santa Monica
Gestuerwen10. Februar 2014
Doudesursaachchronesch obstruktiv Longenerkrankung
NationalitéitUSA
EducatiounHarvard-Westlake School
AktivitéitSchauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Diplomat, Kannerschauspiller, Dänzer, Televisiounsschauspiller, Politiker
ParteiRepublican Party
Famill
Bestuet matJohn Agar

Biographie

D'Shirley Temple war d'Duechter vun engem Banquier an huet mat dräi Joer ugefaangen a klenge Filmer zur Zäit vum D.W. Griffth, am Ufank vun de Tounfilmer ze spillen. An der Serie Baby Burlesk hat si een éischte Succès: si konnt besonnesch gutt d'Marlene Dietrich nomaachen.

1934 krut si een Engagement bei 20th Century Fox a krut an deem Joer ee speziellen Oscar, well si besonnesch bei der Arméi beléift war an zur gudder Moral vun den Truppe beigedro huet.

Si gouf ee Virbild fir amerikanesch Kanner an eng ganz Merchandising-Industrie ass ëm si entstanen: Shirle-Temple-Poppen, Räck, Molbicher, asw. ginn ënner hirem Numm verkaaft. An den 1930 Jore waren hir Filmer d'Nummer Eent am Box-Office. An de Filmer The Little Colonel, Curly Top a Poor Little Rich Girl huet si Rolle gespillt, wou et ëm Familljestreidereie geet oder d'Vereenegung vu Wäissen a Schwaarzen an Aarmen a Räiche goung. Mat enger Moyenne vun dräi Filmer am Joer huet si der 20th Century Fox en zolidd Akommes bruecht.

Am Joer 1940 haten hir Filmer The Blue Bird a Young People keen Erfolleg. Hire Kontrakt bei der Fox ass ausgelaf a gouf och net erneiert. Si krut dunn e neie Kontrakt bei der MGM. Gutt Kriticke krut si 1944 am Film Since You Went Away vum John Cromwell. An engem vun hire leschte Kinosfilmer dem Filmklassiker Fort Apache vum John Ford huet si eng vun den Haaptrolle niewent dem John Wayne an dem Henri Fonda gespillt.

1945 gouf si mam Schauspiller John Agar bestuet. Si hat een éischt Kand mat 17 Joer an 1948 krut d'Koppel nach ee Meedchen, dat Linda gedeeft gouf. Si hu sech 1950 scheede gelooss a gläich duerno am selwechte Joer gouf d'Shirley Temple mam Geschäftsmann Charles Black bestuet. Si krut mat him nach nach zwee Kanner an huet ugefaange Politik ze maachen. Si huet d'Vereenegt Staaten an der UNO vertrueden, gouf Ambassadrice am Ghana 1974-1976, Protokollchefin a republikanesch Deputéiert vu San Francisco, a war Ambassadrice zu Prag 1989-1992. Hire Mann ass de 4. August 2005 um myelodysplastesche Syndrom gestuerwen.

Vun alle Kannerstare war si déi eenzeg, déi nom Film eng zolidd politesch Carrière gemaach huet. Si war eng stackkonservativ Republikanerin a grouss Unhängerin vum Richard Nixon.

Hir Autobiographie Child Star koum 1988 op de Maart.

D'Shirley Temple huet zulescht zu Woodside a Kalifornien gewunnt wou si den 10. Februar 2014 gestuerwen ass.

Filmographie

Als Schauspillerin

  • 1932: What's to Do?: Mary Lou Rogers
  • 1932: Polly Tix in Washington: Polly Tix
  • 1932: Pie Covered Wagon: Shirley
  • 1932: Merrily Yours: Mary Lou Rogers
  • 1932: Kid's Last Stand: Girl
  • 1932: The Kid's Last Fight: Shirley
  • 1932: Kid in Hollywood: Morelegs Sweettrick
  • 1932: Kid 'in' Africa: Madame Cradlebait
  • 1932: Glad Rags to Riches: Nell / La Belle Diaperina
  • 1932: Runt Page: Lulu Parsnips
  • 1932: War Babies: Charmaine
  • 1932: The Red-Haired Alibi: Gloria Shelton
  • 1933: As the Earth Turns: Child
  • 1933: Out All Night: Child
  • 1933: Dora's Dunking Doughnuts: Shirley
  • 1933: To the Last Man: Mary Stanley
  • 1934: Managed Money: Mary Lou
  • 1934: Pardon My Pups: Mary Lou Rogers
  • 1934: Carolina: Joan Connelly
  • 1934: Stand Up and Cheer!: Shirley Dugan
  • 1934: Change of Heart: Shirley, Girl on Airplane
  • 1934: Little Miss Marker: Marthy Jane, Little Miss Marker
  • 1934: Now I'll Tell: Mary Doran
  • 1934: Baby Take a Bow: Shirley Ellison
  • 1934: Now and Forever: Penelope 'Penny' Day
  • 1934: Bright Eyes: Shirley Blake
  • 1935: The Little Colonel: Miss Lloyd Sherman
  • 1935: Our Little Girl: Molly Middleton
  • 1935: Curly Top: Elizabeth Blair
  • 1935: The Littlest Rebel: Virginia 'Virgie' Cary
  • 1936: Captain January: Helen ('Star')
  • 1936: Poor Little Rich Girl: Barbara Barry
  • 1936: Dimples: Sylvia 'Dimples' Dolores Appleby
  • 1936: Stowaway: Barbara 'Ching-Ching' Stewart
  • 1937: Wee Willie Winkiet: Priscilla Williams
  • 1937: Heidi: Heidi
  • 1938: Rebecca of Sunnybrook Farm: Rebecca Winstead
  • 1938: Little Miss Broadway: Betsy Brown / Shea
  • 1938: Just Around the Corner: Penny Hale
  • 1939: The Little Princess: Sara Crewe
  • 1939: Susannah of the Mounties: Susannah Sheldon
  • 1940: The Blue Bird: Mytyl
  • 1940: Young People: Wendy Ballantine
  • 1941: Kathleen: Kathleen Davis
  • 1942: Miss Annie Rooney: Annie Rooney
  • 1944: Since You Went Away: Bridget 'Brig' Hilton
  • 1944: I'll Be Seeing You: Barbara Marshall
  • 1945: iss and Tell: Corliss Archer
  • 1946: American Creed
  • 1947: Honeymoon: Barbara Olmstead
  • 1947: The Bachelor and the Bobby-Soxer: Susan
  • 1947: That Hagen Girl: Mary Hagen
  • 1948: Fort Apache: Philadelphia Thursday
  • 1949: Mr. Belvedere Goes to College: Ellen Baker
  • 1949: Adventure in Baltimore: Dinah Sheldon
  • 1949: The Story of Seabiscuit: Margaret O'Hara / Knowles
  • 1949: A Kiss for Corliss: Corliss Archer
  • 1958: Shirley Temple's Storybook (Fernseeserie): Host / Narrator / Occasional Lead Player (1958-59)

Als Zeenaristin

Verdéngschter an Nominatiounen

Verdéngschter

  • Doctor honoris causa vun der Universitéit vu Santa Clara a vun der Universitéit Lehigh.
  • Unistitelen am Collège de Notre-Dame an op der Universitéit vu Yale.
  • Laureat vum Centre Kennedy 1978.

Nominatiounen

Si war am Verwaltungsroot vu verschiddene grousse Gesellschaften:

  • Walt Disney Company (1974-1975)
  • Institut vun Internationale Studien Stanford Universitéit
  • am Rot vun de auslännesche Relatiounen
  • am Rot vun den amerikaneschen Ambassadeuren
  • an der US-amerikanescher Kommissioun fir d'UNESCO

Soss nach Interessantes

De Cocktail Shirley Temple ass no hir genannt. En ass am Hôtel Royal Hawaien zu Waikiki (Hawaii) erfonnt ginn.

Um Spaweck

Commons: Shirley Temple – Biller, Videoen oder Audiodateien