Marlene Dietrich

däitsch-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin

D'Marlene Dietrich, gebuer de 27. Dezember 1901 zu Schöneberg (haut en Deel vu Berlin) als Marie Magdalene Dietrich, a gestuerwen de 6. Mee 1992 zu Paräis, war eng däitsch-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.

Marlene Dietrich
GebuertsnummMarie Magdalene Dietrich
Gebuer27. Dezember 1901
Rote Insel
Gestuerwen6. Mee 1992
8. Arrondissement
DoudesursaachNiereversoen
NationalitéitDäitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, USA
EducatiounMusekshéichschoul Weimar,
Ernst-Busch Héichschoul
AktivitéitFilmschauspiller, Sänger, Autobiograph, Entertainer, Violonist, Theaterschauspiller, Schauspiller, Museker, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet matRudolf Sieber
Liewenspartner(in)Erich Maria Remarque, Jean Gabin, Yul Brynner, John F. Kennedy
PappLouis Erich Otto Dietrich
MammWilhelmina Elisabeth Joséphine Felsing
KannerMaria Riva
D'Marlene Dietrich

Hir Karriär huet an Däitschland ugefaangen, wou si a Stommfilmer gespillt huet. Hir Roll als Lola-Lola an Der Blaue Engel ënner der Regie vum Josef von Sternberg huet si international bekannt gemaach an hir e Kontrakt mat Paramount Pictures an den USA abruecht.

Hollywood-Filmer wéi Shanghai Express an Desire hunn op hire Glamour an exotesche Look opgebaut an hir Plaz als Star gefestegt. Si war déi Zäit eng vun den am beschte bezuelte Schauspillerinnen. 1939 krut si d'amerikanesch Nationalitéit.

D'Marlene Dietrich zu Dikrech

Den 9. an de 15. Dezember 1944 ass d'Marlene Dietrich am Kader vun der USO zu Dikrech fir d'Zaldote vum 109. US-Infantrieregiment opgetratt.[1]

Filmographie (Auswiel)

Um Spaweck

Commons: Marlene Dietrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen