Antarktika

südlechste Kontinent
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem südlechste Kontinent op der Äerd. Fir d'geographesch Zon, kuckt wgl. Antarktis.

Antarktika (vum Algriicheschen ἀνταρκτικός antarktikos, iwwersat „géigeniwwer vun der Arktis“) ass de südlechste Kontinent op der Äerd, op där och de Südpol selwer läit. Aner Bezeechnunge si Südkontinent oder Antarkteschen Äerddeel. Geographesch ënnerscheet een d'Regioune Westantarktika an Ostantarktika.

Lag vun Antarktika (blo)
Antarktika am Antarkteschen Ozean = Antarktis

Antarktika an den Antarkteschen Ozean zesumme bilden d'geographesch Zon vun der Antarktis.

Allgemenges

Antarktika huet eng Fläch vu ronn 14 Millioune Quadratkilometer, wouvun 98 % vun enger Couche Äis, der Antarktescher Äisplack, bedeckt ass, déi an der Moyenne 1,6 km déck ass.

De Kontinent besteet aus dem antarktesche Festland an enger Rëtsch virgelagerten Inselen.

Antarktika ass de keelsten an dréchenste Kontinent, an dee mam meeschte Wand. Well et wéineg Nidderschlag gëtt (an der Mëtt vum Kontinent an der Moyenne 20 mm am Joer) ass Antarktika, 'technesch' gesinn, déi gréisst Wüst op der Äerd. Et gëtt keng permanent mënschlech Siidlungen an et gouf do och ni eng indigen mënschlech Bevëlkerung. An den iwwer 80 Fuerschungsstatioune liewen awer am Summer zirka 4.000 an am Wanter ongeféier 1.000 Leit. Eenzeg déi Planzen an Déieren, déi net kriddeleg géint Keelt, Luuchtmanktem an Ariditéit sinn, kënnen do iwwerliewen, sou wéi d'Pinguinen, d'Séihënn, verschidde Fësch, Crustacéen, Mooser, Flechten an Algen.

Antarktika huet e besonnesche Status: duerch den Antarktika-Traité vun 1959 an de Protokoll vu Madrid vun 1991 sinn do militäresch Aktivitéite verbueden an och d'Sichen no mineralesche Buedemschätz, dees et wier fir wëssenschaftlech Zwecker. Eng 4.000 Fuerscher aus ville Länner sinn do aktiv. Well en eng Naturreserv ass, ass de Kontinent och duerch verschidde Konventiounen an Accorde geschützt, fir d'Biodiversitéit do z'erhalen.

Déi éischt Kéier, wéi Antarktika gesi gouf, war 1820 vum Equipage vun dräi Schëffer, deenen hir Kapitänen de Fabian Gottlieb von Bellingshausen (vun der Keeserlech-Russescher Marinn), den Edward Bransfield (Royal Navy) an den Nathaniel Palmer (en amerikanesche Séifuerer) waren. Dat éischt attestéiert Betriede vum Kontinent war duerch den amerikanesche Séifuerer John Davis, de 7. Februar 1821, wat awer vu verschiddenen Historiker ugezweiwelt gëtt.[1],[2].

Tëscht 1895 an 1922 gouf et eng ganz Rëtsch Expeditiounen, wouvu bei villen e wichtegt Zil war, als Éischt de Südpol z'erreechen. Deen éischten, deen dat fäerdegbruecht huet, war de Roald Amundsen, de 14. Dezember 1911. De Britt Robert Falcon Scott, koum ee Mount méi spéit an ass um Réckwee gestuerwen. Tëscht dem 24. November 1957 an dem 2. Mäerz 1958 huet d'Fuchs-Hillary-Expeditioun et als éischt fäerdegbruecht, um Landwee queesch duerch de Kontinent ze fueren (mat engem Schnéimobil vun der Tucker Sno-cat Corporation). Dobäi gouf och d'Héicht vum Kontinent an d'Déckt vum Äis gemooss.

Numm

Den Numm Antarktika huet déi selwecht sproochlech Wuerzel wéi Antarktis a kënnt vum Algriicheschen ἀνταρκτικός (antarktikós), wat souvill heescht wéi „déi aner Säit vun der Arktis“. D'Arktis hirersäits ass nom griicheschen Numm vum Stärebild vum Klenge Bier (arktos = Bier) genannt ginn.

Entgéint dem Gebrauch an anere Sproochen, ass den Numm „Antarktika“ ë. a. am däitsche Sproochgebrauch no 1920 ëmmer manner gebraucht ginn. D'Bezeechnung „Antarktis“ huet sech ëmmer méi duerchgesat, fir dat Ganzt Südpolargebitt, grad wéi och fir de Kontinent bannendran ze bezeechnen. Wéinst der duebeler Bedeitung vum Wuert Antarktis koum et a kënnt et zu Differenze bei der Ënnerscheedung vu Regioun a Kontinent. Fir deem entgéintzewierken huet den däitsche Polarfuerscher a Mieresbiolog Leonid Breitfuß 1946 gefuerdert, wéi an anere Sproochen, Antarktis fir d'Regioun an Antarktika fir de Kontinent ze gebrauchen[3].

Geographie

Kaart

Antarktika gëtt duerch d'Transantarktesch Biergketten, déi sech tëscht dem Ross-Mier an dem Weddell-Mier erstreckt, an zwee gedeelt.

Ongeféier 90 % vum ganzen Äis op der Welt (an deemno 70 % vum Séisswaasser vun der Welt) sinn do. Géif all dat Äis schmëlzen, géif den Niveau vun de Mierer ëm 60 Meter an d'Luucht goen. Den héchste Punkt vun Antarktika ass mat 4.892 Meter de Mount Vinson an den Ellsworth-Bierger an der Regioun Westantarktika. Den zweethéchste Gebiergszuch ass d'Queen Alexandra Range an Ostantarktika mam 4.528 m héije Mount Kirkpatrick.

Den Erebus-Bierg op der Ross Insel ass dee südlechsten aktive Vulkan op der Äerd. Et gëtt och iwwer 70 Séien, déi ënner der Äiscouche sinn ("subglaziär Séien"). An engem vun deene konnt nogewise ginn, datt et do mikrobescht Liewe gëtt.

Déi bis ewell niddregst (natierlech) Temperatur, déi jee gemooss gouf, war -89,2 °C, bei der russescher Fuerschungsstatioun Vostok, den 21. Juli 1983. D'Minimaltemperaturen am Wanter leien dann och bannen am Kontinent tëscht -80 °C a -90 °C an d'Maximaltemperaturen, am Summer, no bei der Küst, tëscht 5 °C a 15 °C. Antarktika ass deemno méi kal wéi an der Arktik, engersäits, well e groussen Deel vum Kontinent 3 km iwwer dem Mier läit, wou et souwisou méi kal ass, an anersäits och, well d'Arktis am Mier läit, a sou déi relativ méi héich Temperatur duerch d'Äis no uewe weidergi gëtt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Antarktika – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten