Camembert
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kéiszort Camembert. Fir d'Uertschaft, kuckt wgl. Camembert (Orne). |
Camembert ass e Kéis aus Koumëllech, Geessemëllech, oder enger Mëschung dovun, dee bannendra mëll bis zéiflësseg ass an eng Kuuscht vu wäissem Edelschimmel huet.
E weit ronn 250 g, ass 3 cm déck an huet en Duerchmiesser vun 10 bis 11 cm.
De Camembert kënnt ursprénglech aus der Uertschaft Camembert an der Basse-Normandie. Traditionell gëtt en aus réier, d. h. net-pasteuriséierter Mëllech gemaach.
Nëmmen d'Appellatioun Camembert de Normandie ass eng Appellation d'origine contrôlée, d. h. Kéis, dee sou heescht, kënnt och vun do, a muss och aus réier Mëllech gemaach ginn. Kéis, dee just "Camembert" heescht, kann iwwerall gemaach ginn. Wann en op industrieller Basis produzéiert gëtt, ass d'Mëllech meeschtens pasteuriséiert, soss ka se réi sinn.
Um Spaweck
Commons: Camembert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake