Cassiopeia (Stärebild)

Stärebild

D'Stärebild Cassiopeia ass en opfällegt Bild um nërdlechen Himmel.

Date vum Stärebild Cassiopeia
Laténgeschen NummCassiopeia
Laténgesche GeenitivCassiopeiae
Laténgesch OfkierzungCas
PositiounNërdleche
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun22h 56m bis 03h 38m
Deklinatioun+77°40' bis +56°40'
Fläch598 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden90° Nord bis 12° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
am ganze Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
α Cas (Schedir),
2,24m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Camelopardalis


Cepheus
Lacerta
Andromeda
Perseus

Kaart vum Stärebild Cassiopeia

Beschreiwung

Déi fënnef Haaptstäre vun der Cassiopeia maachen e markante W um Himmel. D'Spëtzt an der Mëtt vum W weist ongeféier op de Polarstär, deen een sou mat Hëllef vum Cassiopeia fanne kann.

De Cassiopeia gehéiert zu den nërdlechen zirkumpolare Stärebiller, déi an eise Breeten dat ganzt Joer ze gesi sinn.

An der Géigend vum Stär β Cassiopeiae (Caph), dem ëstlechste Stär, verleeft de Colur mat 0° Rektaszensioun - also de „Nullmeridian“ vum Himmel.

D'Regioun vun der Cassiopeia ass stäreräich, well sech d'Mëllechstrooss duerch d'Stärebild zitt. Verschidden oppe Stärekéip kënnen do observéiert ginn.

Geschicht

D'Cassiopeia gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der anticker Astronomie, dem Ptolemäus bekannt waren.

Am Laf vun der Zäit gouf versicht, d'Stärebild ëmzenennen, sou z. B. am 17. Joerhonnert, wou een d'Stärebild mat der biblescher Maria Magdalena a Verbindung bruecht huet. All déi Bestriewungen hu sech net duerchgesat.

Den Tycho Brahe huet am Joer 1572 an der Cassiopeia eng Supernova (SN 1572) gesinn.

An der Cassiopeia ass no eiser Sonn déi gréisst Radiosquell um Himmel, déi als Cassiopeia A bezeechent gëtt. Et handelt sech ëm den Iwwerrescht vun enger Supernova, déi warscheinlech ëm d'Joer 1680 explodéiert ass.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α18Schedir, Shedir, Schedar2,24m230K0 IIIa
β11Caph, Kaff, Al Saman al Nakah2,28m54F2 V
γ27Tsih2,47 bis 3,4m800B0 IV
δ3Ksora, Ruchbah, Rukbah2,68 bis 2,74m990A5 IV
ε45Segin (och Navi)3,38m440B2 V
η24Achird3,44m19,4G3 V + K7 V
ζ173,69m600B2 IV
503,95m
κ154,17m
θ33Marfak4,33m137A7 V
ο224,48m
484,49m
ι4,5m150A4 + F5
ρ74,51m8000F8 Ia
υ2284,62m
χ394,68m
ψ364,72m
λ144,74m300B8 + B9
ξ194,80m
υ1264,83m
14,84m
σ84,88m
τ54,88m
ν254,90m
π204,95m10.000F0 + B5
φ344,95m
44,96m
ω464,97m

Den α Cassiopeiae ass mat enger visueller Magnitude vun 2,24m den hellste Stär an der Cassiopeia. Hien ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet d'Spektralklass K0.
Den Numm Schedir ass arabesch a bedeit „Broscht“.

Den β Cassiopeiae (Caph, arabesch „Handfläch“) läit op enger Distanz vu 46 Liichtjoer a gehéiert zu der Spektralklass F2.

Den δ Cassiopeiae (Ksora, arabesch „Knéi“) ass ronn 80 Liichtjoer wäit ewech a gehéiert zu der Spektralklass A5.

Den ρ Cassiopeiae ass e gielen Iwwerris. Et handelt sech ëm ee vun de gréisste bekannte Stäre mat dem 740fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn !.

Duebelstären

ObjetGréisstenOfstand
η3,44m/7,51m13"
ι4,6m/6,9m2,5"
φ5,0m/7,0m134"
λ5,3m/5,6m0,6"

Den η Cassiopeiae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun nëmmen 19,4 Liichtjoer. D'System besteet aus engem Stär dee giel liicht mat der Spektralklass G0 an engem roudelzege Begleeder vun der Klass M0.

D'System ι Cas ass 150 Liichtjoer ewech, a besteet aus zwéi wäisselzeg-bloe Stäre mat de Spektralklassen A4 anF5.

D'System φ Cas ass mat 10.000 Liichtjoer méi wäit vun eiser Sonn ewech. Seng Stäre gehéieren zu de Spektralklassen F0 a B5.

Den λ Cas ass 300 Liichtjoer ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse B8 a B9.

Verännerlech Stären

ObjetGréisstPeriodTyp
γ2,47 bis 3,40monreegelméisseg Verännerlecher
δ2,68 bis 2,74m
SU5,7m–6,2m1,9493 DeegCepheid
V509

Den γ Cassiopeiae ass en onreegelméisseg verännerleche Stär vun der Spektralklass B0 a läit op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 1,6m a gëtt domat nach méi hell wéi de Schedir. De Stär ass eng staark Röntgequell um Himmel. Warscheinlech handelt et sech ëm eent Duebelstäresystem, dat aus engem Risestär an engem Neutronestär besteet.

Den SU Cas ass e verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Mat enger reegelméisseger Period vun 1,9493 Deeg verännert sech seng Hellegkeet vu 5,7 bis 6,2m. Hien ass 800 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass F6.

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCVerschiddenesGréisstTypNumm
5276546,9mOppene Stärekoup
10358110,6mOppene Stärekoup
28114mEmissiounsniwwel
4578,5mOppene StärekoupEilekoup
5598mOppene Stärekoup
6547,5mOppene Stärekoup
6638mOppene Stärekoup
778910,5mOppene Stärekoup
1859,3mZwerggalaxie

Well d'Mëllechstrooss sech duerch d'Cassiopeia zitt, ass déi Regioun stäreräich an huet interessant Objeten, wéi oppe Stärekéip. Zwéin dovun huet de franséischen Astronom Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl.

5.000 Liichtjoer ewech ass den oppene Stärekoup M 52, hie gouf 1774 vum Charles Messier entdeckt. Den M 52 ass e grousse Stärekoup. Am Teleskop gi bei héijer Vergréisserung 80 bis 100 Stäre siichtbar.

De M 103 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.

Den Emissiounsniwwel NGC 281 ass zirka 10.000 Liichtjoer ewech. Bei dem Objet handelt et sech, wéi beim Orionniwwel, ëm e Stäregebuertsgebitt.

5.000 Liichtjoer ewech läit och de Stärekoup NGC 457. Hie gouf am Joer 1787 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den hellste Stär vum Koup ass scho mat bloussem A ze gesinn.

Den NGC 559 ass zirka 6.000 Liichtjoer vun eis ewech.

Den NGC 654 ass 7.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Stärebild Cassiopeia – Biller, Videoen oder Audiodateien